FAQ - TELECONSULTATIOUN FIR PATIENTEN

TELECONSULTATIOUN FIR DE PATIENT - ALLGEMENGES

Teleconsultatioun ass eng Consultatioun iwwert Video, déi op Distanz tëschent dem Patient an der medezinescher Fachkraaft duerchgefouert gëtt. Si erméiglecht et de Patient ze betreien an de Suivi vun der Bahandlung ze machen, ouni dat hien an d'Praxis muss kommen. Teleconsulatioun war entscheedend an der Noutfallsituatioun vum Covid, well se d'Deplacementer an de perséinleche Kontakt vu Mënschen, a soumat den Ustiechungsrisiko begrenzt huet. Well Covid ëmmer nach aktuell ass, bleift Teleconsultatioun och weiderhi recommandéiert.

Nee, se ass net onbedéngt néideg. Teleconsultationsplattform erméiglecht awer en direkten elektroneschen Austausch vun Dokteschrechnungen, Ordonnancen (fir Aptikt oder Laboratoiren), a Krankeschäiner.

Dir kënnt Äre Benotzerkont direkt hei opsetzen.

 

All Dokument dat an der Berodung mam Dokter wärend der Teleconsultatioun ausgestallt gëtt, gëtt Iech automatesch op Ärem eConsult Kont zur Verfügung gestallt. Dir kritt eng Nooricht per E-Mail, déi Iech dorops hiweist dat Dokumenter op Äre Kont eropgeluede goufen. Hei fannt Dir wat Dir fir déi verschidden Dokumenter ze gesinn, maache musst.

Krankeschäin:

Dëse besteet aus 3 Voleten:

  • Volet 1: gëtt automatesch un d‘CNS (Gesondheetskeess) geschéckt
  • Volet 2: muss Dir behalen
  • Volet 3: muss ausgedréckt ginn an un Äre Patron geschéckt ginn

Ordonnance vu Medikamenter:

Dréckt w.e.g. d’Ordonnance vum Dokter aus:

  • Wann d’Ordonnance ënnen lénks e QR-Code huet: Dann kënnt Dir an eng Apdikt vun Ärer Wiel goen. Den Apdikter kann dës Ordonnance iwwert säi Computersystem consultéieren, andeems hien Är Matricule agëtt.  
  • Wann d’Ordonnance keen QR-Code huet, waart w.e.g. bis Dir d’Original vun Ärem Dokter per Post oder perséinlech kritt hutt.

Ordonnance vun Analysen:

Dës ginn automatesch un de Labo vun Ärer Wiel geschéckt. Dir kënnt dann direkt an dee Labo goen.

Wann d’Analyse doheem gemaach muss ginn, setzt de Labo sech mat Iech a Verbindung, fir e RdV mat Iech auszemaachen.

D‘Rechnung:

Vergiesst w.e.g. net Dokteschrechnung iwwert Ären eConsult Kont ze kucken an direkt ze bezuelen.

TELECONSULTATIOUN FIR DE PATIENT - UMELLEN


Rufft w.e.g. eisen Helpdesk un (Telefon +352 27 12 50 18 33 - E-Mail: helpdesk@esante.lu), deen hëlleft Iech, de Problem esou schnell wéi méiglech ze léisen.
 


Iwwerpréift ob Dir de richtege Link hutt, deen Iech am leschte Schratt vun der Registratioun iwwer  Email geschéckt gouf. Falls Dir kee kritt hutt, kontaktéiert w.e.g eisen Helpdesk (Telefon +352 27 12 50 18 33 - E-Mail: helpdesk@esante.lu), fir Äre Kont dann zerécksetzen.
 

All Kéiers wann Dir Iech umellt, braucht Dir Är Matricule, Äert Passwuert an den eemolege Code deen Dir per SMS geschéckt kritt.

De Code, deen Dir per SMS geschéckt kritt, ass en eemolege Code, deen Dir all Kéiers beim Umellen agi musst. Fir all nei Connectioun kritt Dir en neie Code.

TELECONSULTATIOUN FIR DE PATIENT - TECHNESCH AUSSTATTUNG

Jo, Dir kënnt e Smartphone, e Laptop oder en Tablett benotzen. Wann Äre PC, Tablett oder Handy eng HD Kamera huet, kann Teleconsultatioun optimal oflafen.

Kuckt w.e.g. no ob Är Kamera aktivéiert ass. Iwwerpréift och Äre Browser: Dëse System ass kompatibel mat de Browseren: Safari, Chrome, Firefox a Microsoft Edge. Lued wa néideg e vun dëse Browser erof.

De System ass mat de Browser, Safari, Chrome, Firefox a Microsoft Edge kompatibel. Wann Dir en anere gebrauche sollt, luet w.e.g. e vun den hei genannten erof.

Rufft w.e.g. eisen Helpdesk un (Telefon +352 27 12 50 18 33 - E-Mail: helpdesk@esante.lu), deen kann Iech heibäi weider hëllefen.

 Prozedur fir déi verschidde Browser:

 Safari 12:

 Sicht am Menü no "Développement".

 Falls keen do ass, klickt op "Safari".   
 Selectionnéiert "Préférences"

 Ënner "Avancées", selectionnéiert am Menu d’Optioun „Développement“.

 

 Ënner "Développement", klickt op "Vider les caches".

 

 Chrome:

 Klickt ob déi dräi kleng horizontal Balken (uewe riets).
 Gitt op Astellungen/Verlaaf/ Browserdate läschen.
 Wielt eng Zäitspann aus a confirméiert de gewënschten Inhalt.

 

  Firefox:

 Gitt op "Outils / « Supprimer l'historique récent »" an selectionnéiert se all.

 

 Confirméieren.

 Microsoft Edge:

 Maacht „Paramètres“ iwwer de Menu uewe riets op.
 Klickt dann lénks  op « Confidentialité et Sécurité ».
 Klickt riets  op « choisir les éléments à effacer ».

 

 Aktivéiert dann "Les fichiers et données de cache".

 Klickt uschléissend op „Effacer“.

 

Jo, soss ass de Service net verfügbar.