Ureiz fir den RA/PID ze digitaliséieren

Opruff fir d‘Referenzéierung am Zesummenhang mam Ureizschema fir Digitaliséierung, dee vun der Agence eSanté am Kader vum „Remboursement accéléré“ (RA) a „Paiement immédiat direct“ (PID), opgestallt gouf

D‘Agence eSanté - Agence nationale des informations partagées dans le domaine de santé G.I.E. - gouf vun der Gesondheetskeess (CNS) an dem Lëtzebuerger Stat beoptraagt, en Ureizschema fir d'Digitaliséierung vum Gesondheetssystem zu Lëtzebuerg ze schafen, a soumat de „Remboursement accéléré“ (RA) a "Payment immédiat direct“ (PID) ze fërderen.

Dëse System soll et méiglech maachen, zesumme mat der Gesondheetskeess, via d'Agence eSanté, d'Ziler vun der beschleunegter Aféierung vu Softwareléisungen ëmzesetzen, déi de verschiddenen techneschen a funktionellen Ufuerderungen entspriechen. Fir um Programm deelzehuelen, mussen d'Softwareléisungen d‘Ufuerderunge erfëllen, déi am „Dossier des spécifications de référencement" (DSR)  an de Critèren a Viraussetzunge vum „Référentiel des exigences et critères de labélisation" (RECL) festgeluecht sinn, an déi Dir ënnen op der Säit fannt an erofluede kënnt.

D'Agence eSanté bedeelegt sech mat enger forfaitärer Zomm vu 625 € (TVA mat abegraff) fir all nei Installatioun vun enger Softwareléisung, déi néideg ass fir en Dokter/Zänndokter mam „Remboursement accéléré“ (RA) oder alternativ mam „Paiement immédiat direct“ (PID) ze verbannen, sou wéi et am DSR an RECL spezifizéiert ass.

Fir datt eng Softwareléisung referenzéiert ka ginn, muss se als éischt no den DSR Critèren labeliséiert ginn.

De gewielte Mechanismus ass en oppenen, net-selektive System, deen den Hiersteller keng Exklusivitéit gëtt well se d'Konditioune vum DSR respektéiere mussen. All Hiersteller, déi d'Konditioune vum oppenen an net-selektive Listingsystem erfëllen, kënnen Zougang zum System op Liewenszäit kréien.

De System ënnersteet de folgende Bestëmmungen:

  • Den Aufgabe vun der Agence eSanté gemäscht dem Artikel 60ter vum „Code de la Sécurité Sociale“, an am Kader vun dem Bedreiwen an der Gestioun vun der nationaler elektronescher Plattform fir den Austausch an Deele vu Gesondheetsdonnéeën, d'Fërderen vun Interoperabilitéit a Sécherheet bei der Opstellung vu Gesondheetsinformatiounssystemer;
  • Dem Avenant vum „Contrat d’objectifs et de moyens 2022-2024“, deen der Agence eSanté d'Befugnis gëtt, dëse System opzestellen. Dësen Avenant gouf ënnerschriwwe vun der Gesondheeskeess, dem Lëtzebuerger Stat an der Agence eSanté G.I.E. am Kader vum Koalitiounsaccord 2018-2023, a guttgeheescht vun der Regierung, dem Verwaltungsrot vun der CNS an dem Verwaltungsrot vun der Agence eSanté;
  • De folgenden dräi Dokumenter:
    • Den „Accord de Confidentialité“ (NDA) iwwer d‘Labelisatioun;
    • Den „Dossier des spécifications de référencement“ (DSR), deen d'Modalitéite fir d’Areechen an den Ufuerderunge vun den Ufroen fir deelzehuele festleet, souwéi d'Modalitéite fir d'Finanzéierung verdeelt ;
    • Dem „Référentiel des exigences et critères de labélisation“ (RECL);

Fir weider Informatioune schéckt eng Email un equalis@esante.lu oder helpdesk@esante.lu.

Partnerschaftsofkommes RA/PID (14/09/2023) : eAdminEpione v2.3 (EPIONE Sarl)
Partnerschaftsofkommes RA/PID (04/10/2023) : EMED/Connecteur PID v4 (BMS Engineering Sarl)
Partnerschaftsofkommes RA/PID (25/10/2023) : Doctolux (Kattam-Group SA)
Partnerschaftsofkommes RA/PID (21/02/2024) : Doctipro V1.2 (MIP-IT Sarl)
Partnerschaftsofkommes RA/PID (15/03/2024) : HealthLink PID v1.0 (HealthLink)
Partnerschaftsofkommes RA/PID (15/03/2024) : Medicus v2.8 (SIMS Solutions)