Lëtzebuerg gehéiert zu den europäische Länner, déi déi éischt grenziwwerschreidend elektronesch Gesondheetsdéngschter ubidden: den elektronesche grenzwwerschreidenden Austausch vun engem „Résumé Patient“ an vun enger elektronescher Ordonnance. Déi zwee Déngschter droen zu enger besserer Behandlung iwwer d‘Grenzen hin, bäi. Méi Informatiounen dozou fannt Dir hei ënnen.

Virdeeler vun de grenziwwerschreidenden elektronesche Gesondheetsservicer fir Iech

Mat Hëllef vun den „MyHealth@EU“-Déngschter kann Äre Résumé Patient, an dem Är wichtegst Gesondheetsinformatiounen dran gespäichert sinn, un déi medezinesch Fachleit, déi Dir wärend Ärem Openthalt am Ausland konsultéiert, weidergeleet ginn. Dëst erlaabt hinnen déi medezinesch Prise en charge, déi am beschten un Äre Gesondheetszoustand adaptéiert ass, virzegesinn.

Den elektroneschen Austausch vun enger digitaler Verschreiwwung, déi an Ärem Land erstallt gouf, erlaabt et Iech Är Medikamenter an enger Apdikt an engem aneren europäesche Land siichen ze goen.

Well déi béid ausgetauschten Dokumenter souwuel an der Sprooch vum betraffene visitéiertn Land wéi och an der Sprooch vun Ärem Heemechtsland zur Verfügung gestallt ginn, kënnen eventuell Sproochbarrièren tëschent Iech an dem Dokter évitéiert ginn.

Doduerch droen déi „MyHealth@EU“-Déngschter zou enger méi effizienter Behandlung bäi, an erméiglechen domat och d’Kontinuitéit vun enger méi sécherer an qualitativ héichwerteger Prise en charge iwwer d‘Grenzen eweg.

Bis 2022 ginn d’Servicer dann no an no an d'folgend europäesch Länner agefouert: Finnland, Estland, Tschechische Republik, Lëtzebuerg, Portugal, Kroatien, Malta, Zypern, Griechenland, Belsch, Schweden, Éistereich, Italien, Ungarn, Irland, Polen, Däitschland, Frankreich, Spuenien, Slowenien, Litauen an Holland.

Grenziwwerschreidend Gesondheetsdéngschter déi vun der Agence eSanté ugebuede ginn

Zënter Enn Juni 2019 operéiert d‘Agence eSanté den éischten "Use Case" vum grenziwwerschreidenden Austausch: deen déi engem zu Lëtzebuerg praktizéiernden Dokter d’Méiglechkeet bitt de Résumé Patient vun engem auslännesche Patient, dee vun him behandelt gëtt, zougeschéckt ze kréien.

Bei der Aféierung vun dësem Déngscht konnt en Dokter de Résumé Patient vun engem tschechesche Patient ufroen, duerno awer och fir Patienten déi vu Malta agereest sinn, an geschwënn wäert et och méiglech sinn fir Patienten mat portugiesescher Originn.

Zwou weider Uwendunge wäerten deemnächst agefouert ginn:
  • d’Iwwermëttlung vum Résumé Patient vun engem zu Lëtzebuerg versécherte Patient un den Dokter deen hien am Aussland konsultéiert. Dësen Déngscht wäert an der 2. Halschent vun 2020 zur Verfügung stoen;
  • den Transfert vun enger Ordonnance - déi vun engem lëtzebuergeschen Dokter erstallt gouf - an engem aneren europäesche Land baséierter Apdikt. Dësen Déngscht waërt viraussiichtlech am Laaf vun 2021 operationnell sinn.

Wéi kënnt Dir vun dësem Déngscht profitieren? 

Eier en Dokter am Aussland op Är Donnéeën kann zougräifen :

  • musst Dir Är ausdrécklech Zoustëmmung fir de grenziwwerschreidenden elektroneschen Austausch vun Äre Gesondheetsdonnéeën ginn hunn. Wann Dir zu Lëtzebuerg verséchert sidd, kënnt Dir dëst Zoustëmmung an Ärem DSP androen;
  • muss den Dokter Iech iwwert Är Rechter informéieren; hien wäert dat iwwert en Informatiounsbericht (Patient Information Notice) maachen deen him vun der betraffener Autoritéit vun sengem Land zur Verfügung gestallt gëtt.