Femme qui se pose une question

Wat sinn d’MyHealth@EU Servicer?

Bei enger medezinescher Noutlag wärend enger Rees am Ausland kënnen d’Dokteren eng besser Behandlung ubidden, wann si Zougang zu de medezineschen Antezedenter vum Patient hunn.

Dofir setzen d’Länner vun der Europäescher Unioun, MyHealth@EU - grenziwwerschreidend Online Gesondheetsservicer - ëm, déi et erméiglechen, perséinlech Gesondheetsdate sécher un den Dokter am Land weiderzeginn, wou de Patient versuergt gëtt.

Virdeeler fir de Patient an den Dokter

  • D’MyHealth@EU Servicer verbesseren d’Versuergung vun de Patienten.
  • Si erliichteren eng kontinuéierlech, sécher a qualitativ héichwäerteg Behandlung iwwer europäesch Grenzen eraus.
  • D’medezinesch Donnéeë sinn an der Sprooch vum behandelnden Dokter disponibel; dat hëlleft, méiglech Sproochebarrièren ze iwwerwannen.
Médecin qui discute avec patient

Servicer déi zu Lëtzebuerg disponibel sinn

 Ech sinn e Patient, deen zu Lëtzebuerg affiliéiert ass

Déi follgend Dokumenter kënnen un en Dokter an engem anere europäesche Land* iwwermëttelt ginn:

  • de Patienteresumé
  • d’Labosresultater
  • d‘Rapporte vun der medezinescher Bildgebung
  • de Spidolsentloossungsbréif
     
Wéi profitéieren ech dovun ?

An mengem elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé - DSP) registréieren ech meng Awëllegung fir de grenziwwerschreidenden Austausch. Sou kann den Dokter am anere Land meng Dokumenter consultéieren.

*Zypern, Estland, Spuenien, Frankräich, Griicheland, Irland, Malta, Holland, Portugal an Tschechesch Republik



 Ech sinn e Patient aus engem aneren europäesche Land

En Dokter zu Lëtzebuerg kann:

  • de Patienteresumé
  • d’Labosresultater
  • de Rapport vun der medezinescher Bildgebung
  • de Spidolsentloossungsbréif

vun engem Patient aus engem anere europäesche Land* kréien.

Wéi profitéieren ech dovun ?

Ech hunn d‘Awëllegung fir de grenziwwerschreidenden Austausch am Gesondheetssystem vu mengem Land ginn. Den Dokter zu Lëtzebuerg informéiert mech iwwer meng Rechter – hie baséiert sech dobäi op den "Patient Information Notice", deen ënnen op der Säit disponibel ass (Rubrik „Nëtzlech Linken“).

*Kroatien, Zypern, Estland, Spuenien, Malta, Portugal an Tschechesch Republik

Zukünfteg Servicer

D’MyHealth@EU Servicer ginn no an no an Europa ëmgesat. Si ginn ab 2029 an allen europäesche Länner obligatoresch, am Kader vun der Ëmsetzung vum European Health Data Space (EHDS).

Dëse Projet gëtt vun der Europäescher Unioun finanzéiert. D'Meenungen an d'Usiichten, déi ausgedréckt ginn, sinn awer eleng déi vun hirem Auteur(en) a reflektéieren net onbedéngt déi vun der Europäescher Unioun oder der HaDEA. Weder d'Europäesch Unioun nach d'HaDEA kënnen dofir verantwortlech gemaach ginn.