Zoom op eis Helpdesk-Ekipp!

eSanté News

Bei eis bedeit Support virun allem eng engagéiert Ekipp, déi nolauschtert an Iech ëmmer frëndlech mat Rotschléi an Ënnerstëtzung zur Säit steet!

Equipe Helpdesk

Tania Rickal, eis Helpdesk-Responsabel, koordinéiert eng dynamesch Ekipp bestehend aus dem Sabrina, Andreia, Leyla, Yann a Cássio. Zesumme begleeden si all Dag Patienten an Gesondheetsberuffler bei hiren digitalen Demarchen am Zesummenhang mat eise Servicer.

Hir Missioun?

  • Iech bei der Aktivéierung vun Ärem eSanté-Kont ënnerstëtzen
  • Iech bei der Gestioun vum Elektronesche Gesondheetsdossier (DSP) guidéieren
  • Är Froe kloer, effizient a mat Mënschlechkeet beäntweren

Eisen Helpdesk ass wierkdags vun 8:00 bis 18:00 ënner der Nummer (+352) 27 12 50 18 33 fir Iech do. Zéckt net, eis per Telefon oder iwwer d‘Rubrik „Besoin d'aide?” op eisem Portal ze kontaktéieren!

Villmools Merci un d’ganz Ekipp fir hiren Asaz an hir Professionalitéit!