Neiegkeeten iwwer d'Eroplueden vun Dokumenter an den DSP

Agence

Zwou nei Gesondheetsariichtungen kënnen ab elo Dokumenter an den DSP eroplueden. Dëst sinn de CHNP (Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique) an de Centre François Baclesse
 

alimentation DSP

Dës zwou Strukture kënnen vun elo un Gesondheetsdokumenter an den DSP vun de Patienten, déi bei hinne behandelt ginn, eroplueden. Dëse sécheren Datenaustausch erméiglecht de verschiddene Gesondheetsspezialisten, déi an der Behandlung vum Patient involvéiert sinn, Zougang zu de relevante Gesondheetsdonnéeën vum Patient, fir e koordinéierte medezinesche Suivi ze garantéieren. An natierlech, wann de Patient säin eSanté Kont aktivéiert huet, kann hien all Dokument dat a sengem DSP gespäichert ass, selwer consultéieren.

• Fannt hei de Link op déi ganz Lëscht vun Ariichtungen déi den DSP alimentéiere kënnen.
• Hutt Dir Ären eSanté Kont nach net aktivéiert? Luet de Quickguide hei erof.
• Klickt hei fir méi iwwer den DSP gewuer ze ginn.