
Ären elektroneschen, perséinlechen an gesécherte Gesondheetsdossier
- deen Är wesentlech Gesondheetsdonnéeën regroupéiert
- wourop nëmmen Dir selwer wéi och Gesondheetdéngschtleeschter, déi vun Iech en Zougrëffsrecht kritt hunn, kënnen zougräifen
- deen zum Suivi an zu der Koordinatioun vun Ärer Betreiung bäidréit
- deen eng optimal Prise en charge erméiglecht an dozou bäidréit, onnéideg medezinesch Behandlungen ze vermeiden
- kann esoguer Ärt Liewe retten am Fall vun enger Urgence
D'Virdeeler vum DSP
All Är essentiell Gesondheetsdonnéeë sinn op enger eenzeger Plaatz regroupéiert, an doduerch :
- braucht Dir se nett méi ze memoriséieren oder Ären Dossier net méi vun engem Dokter bis bei den aneren matzehuelen
- kënnt Dir, wann Dir bäi en aneren Dokter gitt, him direkt en Accès op Ären DSP ginn
- kann, am Fall vun enger Urgence, den DSP esoguer Ärt Liewe retten

