FAQ - DSP

ALLGEMENG FROEN

Den DSP, ass Äre gratis, perséinlechen a securiséierte Gesondsheetsdosssier. Hie regroupéiert all déi wichteg Informatiounen iwwert Äre Gesondheetszoustand op enger Platz. Den Zougang op Ären DSP ass nëmmen Iech selwer erlaabt, an deenen zu Lëtzebuerg autoriséierte Gesondheetsberuffler, déi an Ärer Behandlung agebonne sinn, an déi vun Iech en Zougrëffsrecht kritt hunn. Dir kënnt zu all Moment novollzéien wien, wéini an Ärem DSP en Dokument consultéiert oder hannerluecht huet. Dir hutt och d’Méiglechkeet de Vertraulechkeetsgrad vun de verschiddenen Dokumenter ze definéiere fir domadder d’Visibilitéit vis-à-vis vu bestëmmte Gesondheetsdéngschtleeschter ze beschränken. Dir kënnt selwer och Gesondheetsdonnéeën an Ärem „Espace privé“ androen. Dir kënnt zu all Moment Ären DSP zoumaachen an nees opmaache loossen.

De Rechtskader gesäit vir, datt all Persoun, déi bei der Lëtzebuerger Sozialversécherung affiliéiert ass, en DSP zur Verfügung gestallt kritt. An dësem Kontext ass virgesinn, datt d’Agence eSanté, déi domat beoptraagt gouf en DSP fir all Assuré ze erstellen, no an no, all affiliéierter Persoun, e Bréif  zouschéckt fir en DSP opzemaachen an esou sécherzestellen dass jidderen säin DSP huet.

Den DSP gëtt vun der Agence eSanté G.I.E erstallt, der nationaler Agence fir déi gemeinsam Notzung an dem sécheren Austausch vun elektronesche Gesondheetsinformatiounen.  Dëst gehéiert zou de legale Missiounen, déi am Artikel 60quater vum Code de la Sécurité Sociale bestëmmt ginn. Dësen Artikel präziséiert datt d’Agence en DSP fir all Patient a Gesondheetsdéngschtleeschter zur Verfügung stellt.
D’Agence erstellt en DSP fir all zu Lëtzebuerg affiliéiert Persoun.

Beim Opmaache vun engem DSP, enthält dësen nach keng Donnéeën, eréischt wann en aktivéiert gëtt, fëllt e sech no an no. Den DSP regroupéiert dann sämtlech wichteg Informatiounen déi Gesondheetsberuffler zesummefaassen, fir eng optimal Versuergung ze garantéieren.

Beispiller wat an engem DSP ze fannen ass :

  • Resultater vun de Bluttanalysen
  • Bluttgrupp
  • eventuell Allergien
  • Behandlungen, a Medikamenter déi Dir huelt
  • Roentgenbiller a Rapporten
  • Detailer zu Spidolsopenthalter
  • äre Wonsch Organspender ze ginn 
  • Rapporte vu medezinesche Consultatiounen

Wann e Patient oder Gesondheetsdéngschtleeschter säi perséinlechen Zougang vergiess, oder verluer huet, oder geklaut krut, ass hie gebieden eisen Helpdesk ze kontaktéieren: per email (helpdesk@esante.lu) oder per Telefon (+352 2712 5018 33), deen Iech wäert weiderhëllefen.

Jo, Dir kënnt zu all Moment Ären DSP zoumaache loossen. Esou bal en zougemaach ginn ass, huet kee méi Accès dorop. Fir d’Schléissung unzefroen, braucht Dir just de Formular "Demande de fermeture" auszefëllen, zesummen mat enger Begrënnung déi Dir dann der Agence eSanté zoukomme loosst.

D‘Zoumache vun Ärem DSP verhënnert awer och, datt Är elektronesch Gesondheetsinformatiounen op eng einfach Aart a Weis, vun de Gesondheetsberuffler déi an Ärer Behandlung agebonne sinn, gemeinsam genotzt an ausgetosch kënne ginn.

Sollt Dir op Är Decisioun zeréck kommen, dann kënnt Dir natierlech zu all Moment ufroen, datt Ären DSP nees opgemaach gëtt. 

Wann Dir decidéiert Ären DSP net ze behalen, huet dat guer keen Impakt op Är Remboursementsrechter.

Den DSP ersetzt op kee Fall d’Patientendossieren deen déi verschidde Gesondheetsberuffler bedreiwen. Si waërten dëse weiderhin mat hiren Notten, betreffend Ärer Behandlung, aktualiséieren, an dovunner nëmmen déi Donnéeën, déi relevant sinn, an Ären DSP androen.

Dir fannt méi Informatiounen iwwert den DSP op eisem Website, oder Dir kënnt se bei eisem Helpdesk per eMail ufroen.

Do kënne mir Iech 3 Léisungen ubidden :

1. Dir kënnt Iech a Kontakt setzen mat eisem Helpdesk, deen zu Ärer Verfügung steet:

     * um Guichet n° 12  am Wartesall vun den Assurances Sociales (Gebai vun der CNS - 125 route     d'Esch - Luxembourg)

     * per Telefon : Nummer (+352) 2712 50 1833

     * per e-Mail : helpdesk@esante.lu

2. Dir kënnt Iech bei der Gestioun vun Ärem DSP vun engem « DSP-Assistent hëllefe loossen »: dat wier eng Vertrauenspersoun aus Ärem direkten Entourage, déi Dir an Ärem DSP kënnt bestëmmen. Dës Persoun huet dann déi selwecht Zougrëffsrechter wéi Dir selwer.

3. Bei der Consultatioun vun engem Gesondheetsdéngschtleeschter, wéi Ärem Dokter zum Beispill, kënnt Dir him zu all Moment en Zougrëffsrecht ginn, andeems Dir him Äre Präsenzcode matdeelt. Oder andeems Dir hien an Ärem medezinesche Cercle de Confiance enregistréiert, fir him e permanenten Zougang ze ginn, dee gülteg bleift esoulaang DIr en net ännert.

Neen, den DSP ass net obligatoresch, ausser wann Dir eng “Referenzdokter Konventioun” ënnerschriwwen hutt.

Allgemeng gëtt Iech awer geroden Ären DSP ze behalen, well hien Är wesentlech Gesondheetsdonnéeën regroupéiert, an doduerch de Suivi an d’Koordinatioun vun Ärer medezinescher Betreiung méi einfach mécht. Dir kënnt zu all Moment Ären DSP zoumaachen an nees opmaachen loossen.

Jo, d'MyDSP mobil App kann am AppStore oder op GooglePlay erofgeluede ginn.

Den DSP bréngt Iech verschidde Virdeeler:

- All Är wichtegst Donnéeë sinn op enger zentraler Plaatz regroupéiert, an doduerch:

  • braucht Dir se net méi ze mémoriséieren
  • braucht Dir net méi all Dokumenter vun engem Dokter bei den aneren matzehuelen.
  • kënnen d’Gesondheetsdéngschtleeschter en direkten Abléck an Är Gesondheetsdonnéeë kréien.
  • ass et méiglech Är Behandlungen ze optimiséieren, a se beschtens un Äre Gesondheetszoustand ze adaptéieren

- Wann Dir den Dokter wiesselt, kann dësen direkten Accès op Ären DSP kréien, wann Dir him Zougrëff drop gitt.
- Den DSP kann esouguer Äert d'Liewen retten: am Fall vun engem medezineschen Noutfall, hunn d'Gesondheetsberuffler, déi sech ëm Iech këmmeren, direkten Zougang op Är wesentlech Donnéeën, wann Dir Är Zoustëmmung am DSP agedroen hutt.

 

An der Rubrik «Espace patient / Me connecter » op eisem Internetsite www.esante.lu, fannt Dir verschidde Guiden déi Iech erklären wéi Dir Ären DSP-Konto kënnt aktivéieren a wéi Dir an Ärem DSP kënnt navigéieren.

INFORMATIOUNEN AN DOKUMENTER A MENGEM DSP

An der Rubrik "Synthèse" ënner "Mes derniers documents" fannt Dir d'Dokumenter déi kierzlech an Ärem DSP deposéiert goufen.
An der Rubrik “Vue Documentaire” gesitt Dir all Är Gesondheetsdonnéeën déi an Ärem DSP, a verschiddene Fichieren, dem Dokumenttyp no, klasséiert sinn a gespäichert goufen. (Labosresultater, Rapport vun enger medezinesch Konsultatioun, Rapport iwwer Spidolsopenthalter, Resultater vun de Röntgen …).

Jo, Dir hutt d’Recht déi gemeinsam Notzung an den Austausch vun enger bestëmmter Gesondheetsinformatioun ze refuséieren, andeems Dir dat dem Gesondheetsdéngschtler deen Iech betreit, am Kader vun der „Colloque singulier“ matdeelt. (Gesetz vum 24. Juli 2014 iwwer d'Rechter a Flichten vum Patient)

Jo, Dir kënnt zwee verschidde Vertraulechkeetsgraden definéieren:

* Niveau "vertraulech": an dësem Fall kann d‘Dokument nëmmen vum Patient selwer (an/oder vu sengem legale Vertrieder) wéi och vu sengem DSP-Assistent, sengem Referenzdokter an de Gesondheetsberuffler déi zu sengem „Cercle Médical de Confiance“ gehéieren, consultéiert ginn.
*  Niveau "privat": an dësem Fall kënnen nëmmen de Patient selwer an den Auteur vum Dokument (dat heescht, de Gesondheetsdéngschtleeschter deen d’Dokument opgestallt huet) op dëst Dokument zougräifen.

Uweisungen wéi dat geet, fannt Dir an eisem "Guide d'utilisation" (S.19)

Duerch d‘Funktioun « Déposer un document » kënnt Dir selwer en Dokument an Ären DSP erasetzen. All Informatioun an Dokument dat vun Iech selwer agedroe gëtt, gëtt am «Espace Privé » vun Ärem DSP gespäichert, esou datt et kloer ass fir de Gesondheetsberuffler, datt et sech ëm en Dokument handelt dat vun Iech eropgelueden gouf, an net vun engem Gesondheetsdéngschtleeschter.

Neen, Dir kënnt en Dokument, dat an Ärem DSP gespäichert gouf, net läschen. De Gesondheetsdéngschtleeschter deen Dokumenter an Ären DSP eropgelueden huet, huet zu all Moment en Zougrëffsrecht drop.

DSP FIR PATIENTEN - FROEN ZU DER AKTIVATIOUN A VERWALTUNG VUN DEN ACCÈSEN

Fir an Ären DSP eran ze kommen, musst Dir fir d’éischt Ären eSanté-Konto aktivéiere mat Hëllef vum Aktivatiounscode deen Iech am Bréif vun der Agence eSanté matgedeelt gëtt. Dozou gitt Dir op eisen Internetsite www.esante.lu, an d‘Rubrik  «Patient/ eSanté Kont aktivéieren ».
Akzeptéiert Conditions générales a klickt dann op «Ech aktivéiere mäi Kont » a befollegt d‘Instruktiounen déi do genannt ginn – et sinn nëmmen 5 kleng Schrëtt déi insgesamt 5 Minutten daueren.
Dir kënnt Ären eSanté Kont och iwwer déi mobil App MyDSP aktivéieren. Klickt hei fir méigewuer ze ginn..
Wann de Kont aktivéiert ass, kënnt Dir Iech an Ärem DSP umellen an kënnt zum Beispill d’Zougangsrechter definéieren (Cercle médical de confiance, Accès am Fall vun enger Urgence, DSP-Assistent,..) oder äre Wonsch zou der Organspend iwwert den „Don d’organes“ enregistréieren.
Den anere perséinleche Code deen Iech an eisem Bréif matgedeelt gëtt, ass de Präsenzcode (code de présence). Wann Dir e selbstännege Gesondheetsdéngschtleeschter consultéiert, kënnt Dir him deen ginn an him domat en Zäit begrenzten Accès op Ären DSP erlaben.

Fir Ären DSP ze aktivéieren, muss Dir fir d'éischt Ären eSanté Kont op eisem Internetsite www.esante.lu aktivéieren. Klickt ënner der Rubrik  "Patient" op "eSanté Kont aktivéieren ".
Akzeptéiert Conditions générales an klickt «mäi Kont aktivéieren», a befollegt d‘Instruktiounen déi do genannt ginn – et sinn nëmme 5 kleng Schrëtt déi net méi wéi 5 Minutten daueren. Duerno braucht Dir Iech just nach op Ären DSP ze connectéieren fir en ze consultéieren an ze geréieren.

Fir op Ären DSP zougräifen ze kënnen, musst Dir fir d’éischt Ären «eSanté Kont" aktivéiere mat Hëllef vum Äre perséinlechen a gesécherten Zougangselementer, déi Dir an engem Schreiwen vun der  Agence eSanté zougeschéckt krut. Duerno braucht Dir Iech just nach op Ären DSP ze connectéieren fir en ze consultéieren an ze geréieren

Dir kënnt zou all Moment en DSP bei der Agence eSanté ufroen. Dofir braucht Dir just de Formular „Demande d’ouverture immédiate d’un DSP“ auszefëllen, an zesumme mat de gefroteN Dokumkenter, der Agence eSanté zoukommen ze loossen.

De Formular «Demande d’ouverture immédiate » kënnt Dir :
- vun eiser Internetsäit - www.esante.lu eroflueden : 
- bei eisem Helpdesk ufroen  :
- per Telefon : (+352) 2712 5018 33
- per eMail :  helpdesk@esante.lu

Esou bal Är Ufro vun eis behandelt gouf, kritt Dir vun der Agence eSanté e Bréif mat de Coden geschéckt, déi Iech et erlaben op Ären DSP zouzegräifen an en ze geréieren.

Wann Dir Ären eSante-Konto schonn aktivéiert hutt (mëttels Äre perséinlechen a gesécherten Zougankselementer, déi Dir an engem Schreiwes vun der Agence eSanté kritt hutt), braucht Dir Iech just nach an Äre perséinleche Beräich um Portal www.esante.lu unzemellen, an dann an de Service DSP. Dir kënnt dëst vun all Gerät maachen, dat eng Internet Verbindung huet.
Dir kënnt och iwwer déi mobil App MyDSP op Ärem Smartphone op Ären DSP zourgräifen. Klickt hei fir méi doriwwer gewuer ze ginn.

Den Zougang op Ären DSP ass nëmmen erlabt :

- Iech selwer (an eventuell Ärem legale Vertrieder)
- den zu Lëtzebuerg autoriséierte Gesondheetsberuffler déi vun Iech en Zougrëffsrecht kritt hunn 
- de Gesondheetsberuffler déi Iech betreien am Kader vun Ärem Openthalt an enger Gesondheetsstruktur (Spidol, Fleegeheem,Rehabilitatiounszenter,…)
- Ärem DSP-Assistent (falls Dir een genannt hutt)

Dir geréiert d’Zougangsrechter an Ärem DSP selwer, a kënnt se zu all Moment änneren.

Dir kënnt zu all Moment nokucken, wien, wéini an wourop Zougang an Ärem DSP hat.

E fräiberuffleche Gesondheetsdéngschtleester kann nëmmen op Ären DSP zougräifen, wann Dir him en Zougangsrecht ginn hutt. 

Dir hutt 2 Méiglechkeete fir dat ze maachen :

  • - säin Numm am «cercle médical de confiance» («medezinesche Vertrauenskrees») vun Ärem DSP androen – déi Persoun huet dann e permanenten Accès op Ären DSP, dee gëlteg bleift bis datt Dir en ännert
  • - dëser Persoun Äre Präsenzcode ginn – sie huet dann e begrenzt Zougrëffsrecht.

E Gesondheetsdéngschtleeschter, deen an enger Gesondheetsstruktur (Spidol, Fleegeheem, …) schafft, huet en automatescht Zougrëffsrecht, ausser Dir deelt hinnen am Ufank vun der Prise en charge Äre Refus zum Zougank mat.

Äre Referenzdokter huet en automatescht Zougrëffsrecht, esoubal d‘Conventioun „médecin référent“  ënnerschriwwe ginn ass. Ab der Aktivatioun huet Äre Referenzdokter zu all Moment en Accès op Ären DSP.
Dir kënnt Är Zouganksrechter wärend enger Consultatioun an/oder zu all Ament ënnerhalb Ärem DSP änneren.

De « cercle médical de confiance » («medezinesche Vertrauenskrees») besteet aus engem oder méi Gesondheetsdéngschtleeschter (ausser dem Referenzdokter) déi Dir ausdrécklech als Gesondheetsberuffler déi Iech bei  Ärer Fleeg begleeden, designéiert hutt. Domat kritt/kréien de betraffenen/déi betraffen Gesondheetsdéngschtleeschter e permanent Zougangsrecht op Donnéeën, déi an Ärem DSP gespäichert sinn. Dir kënnt zu all Moment entscheeden engem Gesondheetsberuffer den Zougank ze, andeems Dir hien/si aus Ärem « cercle médical de confiance » läscht.

Esoubal Dir eng Internet-Verbindung hutt kënnt Dir vun egal wou op Ären DSP zougräifen. Dat gëllt och fir déi zu Lëtzebuerg autoriséiert Gesondheetsdéngschtleeschter, deenen de Patient en Zougrëfsrecht ginn huet. Anerersäits kann en Dokter am Ausland (deen keng Autorisatioun huet fir zu Lëtzebuerg säi Beruff kënnen auszeüben) net op Ären DSP zougräifen.

Jo, all Aktivitéit, déi am DSP stattfënnt ass hannerluecht, ob et ass fir Gesondheetsdonnéeën ze consultéieren oder dran ze späicheren. An der Rubrik „Ligne de vie“ kënnt Dir kucken, wien ob Ären DSP zougegraff huet (Numm vun der Persoun ass ugewisen), wéini (Datum an Auerzäit ass ugewisen) an wat déi Persoun gemaach huet (en Dokument dra gesat oder consultéiert).

Jo, Dir kënnt dem Gesondheetsdingschtleeschte den Zougang, verbidden (och wann dësen an enger Gesondheetsstruktur schafft, déi Zougang op Ären DSP huet), andeems Dir hien op „d’schwaarz Lëscht“ setzt. E Gesondheetsdéngschtleeschter deen op dëser Lëscht steet, kann dann net op Ären DSP zougräifen an och net op déi Donnéeën déi dra gespäichert sinn. Eng Ausnam existéiert an dësem Fall: Äre Referenzdokter kann net op Är Blacklist gesat ginn.

Den Assistent ass eng oder méi Persounen, déi Dir festgeluecht hutt fir Iech an der Notzung vum DSP an senger Handhabung ze hëllefen. Soubal dës Persoun an Ärem DSP festgehale gouf, huet hien déi selwecht Rechter ewéi Dir. Well all Actioun festgehalen ass, kënnt Dir zu all Moment nokucke wéini den Assistent zougegraff huet an wéi eng Aktioun hie gemaach huet.

Den DSP Assistent muss selwer en DSP hunn. Hie kann sech an der Startsäit vun sengem eegenen DSP, mat sengem Zougang an Ären umellen andeems hien Ären DSP selekionéiert.

Jo, eng Persoun kann Assistent vun méi Patienten sinn (z.B. vum Papp oder der Mamm).

Dir kennt e Gesondheetsberuffler, als Privatpersoun, als Assistent définéieren, net an senger Funktioun als Gesondheetsdéngschtleeschter.

Fir him Zougang a senger berufflecher Funktioun ze gi, kënnt Dir Folgendes maachen:

  • - säin Numm an Ärem Dossier späicheren, am „Cercle médical de confiance“ (permanenten Accès, soulaang bis Dir dat ännert)
  • - him Äre Code de présence ginn (Accès op 24h limitéiert)

Neen, d’Gesondheetsdonnéeën sinn just fir Gesondheetsdéngschtleeschter, déi eng Aarbechtserlabnis zu Lëtzebuerg hunn, zougänglech, an dat nëmme wann Dir hinnen den Accès erlaabt hutt.

Et ass normal wann de betraffene Gesondheetsberuffler den Auteur vum Dokument, wat a Fro kënnt, ass. Säi Numm ass dann ugewisen als Auteur, well all Gesondheetsdingschtleeschter, deen en Dokument an Ärem DSP gespeichert huet, kann dat och zu all Moment opruffen, awer just dat betraffent Dokument.

Sollt de Gesondheetsdéngschltleeschter net den Auteur vum betraffenen Dokument sinn, bieden mir Iech eisen Helpdesk ze kontaktéieren per email (helpdesk@esante.lu) oder per Telefon (Nummer +352 2712 5018 33).

Et kann een dräi verschidde Méiglechkeeten zeréckhalen:

1.Déi Persounen, déi an Ärem DSP als Assistent gespäichert sinn oder Gesondheetsdingschtleeschter, déi an Ärem „Cercle médical de confiance“ si, hunn e permanenten Zougrëff op Ären DSP, bis zu dem Moment wou Dir hiren Accès suppriméiert.

2.Den Zougang wou Dir dem Gesondheetsdéngschtleeschter wärend der Consultatioun erlaabt, iwwert de Code de présence, ass e limitéierten Zougang fir eng Dauer vun 24 Stonnen. De Code de présence muss also bei all Consultatioun dem Gesondheetsdingschtleeschter gewise ginn.

3.Äre Referenzdokter huet en automateschen Zougang op Ären DSP, dësen ass fräigeschalt esoubal Dir mat him “d‘Convention médecin référent“ ënnerschreift. Hien huet doduerch permanenten Zougrëff op Ären DSP.


Déi verschidde Gesondheetsdéngschtleeschter, déi an Ärem Behandlungsparcours agebonne sinn, wäerten Ären DSP no an no mat Äre wichtege Gesondheetsdonnéen ausbauen, an droen esou zu senger Nëtzlechkeet bäi. Sie hunn eng richteg Benotzerroll an si wäerten den DSP weider entwéckelen am Aklang mat hirer professioneller Praxis.
 

Fir all Verbindungsproblem mam DSP kënnt Dir den Helpdesk kontaktéieren, per Email op helpdesk@esante.lu oder per Telefon ënnert der Nummer (+352) 27 12 50 18 33.

Kee spezielle Programm muss installéiert ginn, eng Internetverbindung geet duer.

SÉCHERHEET AN DATESCHUTZ

D’Donnéeën, déi am DSP enthale sinn, sinn an engem “Gesondheets-Coffre-fort“, deen zu Lëtzebuerg lokaliséiert ass, stockéiert. Eng staark Authentifikatioun ("Single Password" ewéi bei Bankverbindungen, LuxTrust Kaart….) ass néideg fir Informatioune vum Patienten-DSP kënnen ze späicheren, liesen oder ze recupéréieren.

D’Agence eSanté erméiglecht all betraffene Patient, an all Gesondheetsdingschtleeschter, all Froen ze stellen déi d’Benotzen vum DSP betreffen, seng Rechter geltent ze maachen, e Problem ze mellen oder eng Reklamatioun ofzeginn, dëst per Mail op:

  • confidentiel.sante@esante.lu fir all Ufro fir d’Mataarbechter vum Pôle Identito-Vigilance betreffend dem Contenu médical vum Service DSP, an der Benotzung vun den Donnéeën   an der Prise en charge.
  • privacy@esante.lu fir all Ufro beim Responsablen vum Dateschutz, den Dateschutz an perséinlechen Ugeleeënheeten
  • fir all Fro iwwert den Accès an d’Connectioun den DSP betreffend oder all allgemeng Froen.

D’Agence eSanté kann och per Courrier kontaktéiert ginn, iwwert folgend Adresse: Agence eSanté B.P. 2511 L-1025 Luxembourg (ëmmer un de jeeweilege Service adresséiert)

Den héije Sécherheetsniveau vun der Vertraulechkeet, gëtt vun der Agence eSanté garantéiert, duerch verschidde Sëcherheetsmesuren an duerch verschidde Prinzipien:

  • staark Authentifikatioun vum ermächtegte Benotzer fir op den DSP zouzegreifen.
  • Ennerbréngen an engem Datazenter zu Lëtzebuerg, deen Tier IV an ISO 27001 zertifiéiert ass.
  • Bereetstelle vun engem DSP fir all Persoun, déi op eng eenzegaarteg Manéier duerch de Patientidentifikatiounsverzeechnes identifizéiert gëtt, duerch d‘Uwendung vun de Prinzipie vun der Idendito-Vigilance déi an der Agence eSanté implementéiert ass
  • Zougrëff op den DSP nemme fir Gesondheetsdingschtleeschter, déi iwwert de Letzebuerger Register vun de „Professionnels de Santé“ identifizéiert sinn.

Jo, den DSP applizéiert d’Patienterechter, déi am Generalreglement vum Datenschutz (UE 2016/679) stinn, dem Groussherzoglechen Reglement vum 6ten Dezember 2019, wat d’Modalitéiten an d’Konditiounen fir d’Bereetstelle vum DSP präziséieren an dem Gesetz vum 24ten Juli 2014 betreffend de Rechter a Verflichtungen vum Patient. Zousätzlech, op transversal Manéier, respektéiert den DSP de Prinzip vun der Selbstbestëmmung vum Patient.

Nee, d’Agence eSanté huet keen Zougang op Är Donnéeën. Just den Dokter vun der Agence, deen un de „Secret médical“, an d‘medezinesch Deontologie gebonnen ass, kéint och nëmmen iwwer eng aussergewéinlech Prozedur, dorops zougräifen. Ewéi all Zougang op Ären DSP, kéint dësen nominativ zeréckverfollegt ginn.

D’Gesondheetsdonnéeën am DSP ginn 10 Joer gehalen. Duerno gi se automatesch zerstéiert. Ären Dokter oder anere Gesondheetsdéngschtleeschter deen Iech betreit, ka mat Ärem Averständnis festleeën op verschidden Donnéeën liewenslänglech dra musse bleiwen. Dës Donnéeë bleiwen dann gespäichert bis en definitiv zougemaach gëtt.

Am Fall wou e Patient, deen en DSP huet, verstierft, mécht d’Agence eSanté den DSP zou, dëst soubal de Centre Commun de la Sécurité Sociale den Datum vum Dout matgedeelt kritt huet oder den Doudeschein kritt huet. Ab dem Moment wou de Kont zugemaach gëtt, sinn d’Donnéeën net méi zougänglech a gi fir 10 Joer archivéiert.

MEDEZINESCH BILLER (SCANNER, RÖNTGEN...)

Fir dëst ze maachen, mellt Iech an Ärem DSP un a klickt op de Beräich "Vue documentaire". Am Tab „Par type“ klickt „Imagerie médicale“ un. Dir kritt dann Zougang zum Bericht, deen zum Bild gehéiert. Fir d'Bild selwer ze gesinn, klickt op "Key Images", an dann op "Voir l’examen“.

Nëmmen d‘Gesondheetsspezialisten, deenen Dir Zougang zu Ärem DSP ginn hutt, entweder mat Ärem Präsenscode (temporairen Accès) oder andeems Dir si an Ärem „Cercle Médicale de Confiance“ definéiert hutt (permanenten Accès, et sief Dir ännert dat).

Jo, dat ass méiglech. Wéi all aner Dokument an Ärem DSP, kënnt Dir de Bericht oder d'Bild selwer als vertraulech klasséieren.

Dir kënnt zwee Niveauen vu Vertraulechkeet definéieren:

  • "Vertraulech": An dësem Fall ass d'Dokument nëmme siichtbar fir de Patient (an/oder hire legale Vertrieder), säin DSP Assistent, säi Referenzdokter an d'Gesondheetsspezialisten déi zu senger medezinescher Vertrauensgrupp gehéieren. -
  • "Privat": An dësem Fall ass d'Dokument nëmmen zougänglech fir de Patient, an den Auteur vum Dokument (dem Gesondheetsspezialist deen d'Dokument ausgestallt huet).

Fir ze wëssen wéi DIr dat maache sollt, kuckt w.e.g. déi detailléiert Informatioune op der Säit 19 vum Guide d'utilisateur.

Nee. An Ärem DSP gëtt et keen Historique vun de medezinesche Biller, déi gemaach goufen, iert Dir Ären DSP aktivéiert hutt .

 Nee, dat ass net néideg. Wann Dir op de Link klickt, mecht deen automatesch eng Fënster mat engem Viewer op (Xero Viewer) mat engem Link op Äert Bild.

ALLGEMENG FROEN

Wann Dir keng perséinlech Zougrëffsdate (méi) hutt, déi d’Aktivéiere vun Ärem Kont op der Plattform eSanté erméiglechen fir sou kënnen d’Servicer vun der Agence eSanté ze notzen, bieden mir Iech eisen Helpdesk ze kontaktéieren:

- per Telefon: (+352) 2712 5018 33

- per Mail : helpdesk@esante.lu

Soubal Är Ufro vum Helpdesk traitéiert ass, kritt Dir e Schreiwes geschéckt, deen Är perséinlech Aktivatiounscoden enthält.

Fir op d’Servicer vun der Plattform eSanté ze gelaangen, ewéi den DSP, musst Dir als éischt Ären „eSanté Konto“ aktivéieren, mat de Coden, déi Iech am Schreiwes vun der Agence eSanté matgedeelt goufen.

No der Aktivatioun hutt Dir en Zougangsrecht:

  • automatesch a permanent op den DSP vun deene Patienten, bei deenen Dir als Referenzdokter agedroen sidd
  • permanent wann de Patient Iech an sengem « Cercle médical de confiance » gespäichert huet (esou laang valabel ewéi de Patient dat net ännert)
  • wann de Patient Iech säi Präsenzcode weist, wat Iech en Zougang fir 24 Stonnen erméiglecht.

Wann Dir an enger Gesondheetsstruktur schafft, an Dir Äre Kont op der eSanté-Plattform aktivéiert hutt, kënnt Dir Iech op de Patienten hiren DSP, iwwert den Informatiksystem vun Ärem Etablissement, anloggen. Ënnert der Bedingung, datt dëse System, de Konformitéitszertificat vun der Agence eSanté fir sech op d’Plattform ze connectéieren, kritt hutt. De LuxTrust Produit ass an dësem Fall net néideg, well déi néideg staark Authentifikatioun iwwert d’Etablissement garantéiert gëtt.

Et soll een déi wichteg a pertinent Donnéeën drasetzen, fir de Suivi an d’Koordinatioun vun der Behandlung vum Patient, déi e brauch, ze erliichteren.

Déi Donnéeën déi vum Patient an den DSP gesat goufen, sinn am Privatberäich vum Patienten-DSP gespäichert, esou datt et fir Iech kloer ass, datt déi Informatioune vum Patient gespäichert goufen an net vum engem Gesondheetsdéngschtleeschter. Duerfir ass eng Kontroll vun der Relevanz net néideg.

Jo, Dir hutt ëmmer Zougang op déi Dokumenter, déi Dir erstallt hutt, esouguer dann, wann de Patient Iech den Accès ewech geholl huet.

Den DSP erlaabt net, datt gespeichert Dokumenter an Informatioune geläscht kënne ginn. Iwwer eng aussergewéinlech Prozedur an och just a bestëmmte Fäll, kann den Dokter vun der Agence, deen ënnert dem „Secret professionnel“ an der medezinescher Deontologie schafft, verschidden Dokumenter läschen. Dës Suppressioun gëtt dann och am DSP tracéiert an dokumentéiert.