IdeoRCP

Management-Tool fir multidisziplinär Berodungssëtzungen

D‘Agence eSanté gouf am Kader vum nationale Kriibsplang beoptraagt, en Management-Tool fir national multidisziplinär Berodungssëtzungen an der Onkologie ze gestalten.

Dësen Tool erliichtert d‘Organisatioun vun Bespriechungen tëschent den Dokteren an anere spezialiséierte Gesondheetsfachleit, fir iwwert déi klinesch Situatioun vum Kriibspatient ze diskutéieren an, op Basis vun de klineschen Donnéen an eventuelle Wënsch vum Patient selwer, iwwert diagnostesch an/oder therapeutesch Virschléi ofzestëmmen.

IdeoRCP gouf als nationale Referenz-Tool ausgesicht, an am Joer 2018 an enger Pilotphas vun der Bohler-Klinik getest. Obwuel d‘Pilotphas erfollegräich war, kann dësen Tool eréischt an aner Etablissementer agefouert gi, wann d‘Konnektivitéit mat hirem elektronesche Patientendossier erreecht ass, wat fréistens fir Enn 2020 erwaart gëtt.

D‘Agence eSanté wëllt och den Entscheedungshëllef-Tool "Watson for Oncology", deen op Basis vun kënschtlecher Intelligenz fonktionnéiert, bäisetzen, fir esou de verschiddene Gesondheetsdéngschtleeschter, déi un de multidisziplinäre Consultatiounssëtzungen deelhuelen, en Accès ze ginn op déi rezentst Kenntnis an therapeutesche Referenzen am Beräich vun Kriibs an anere rare Krankheeten ewéi Sarkomen asw. méiglech ze maachen.