e-Prescriptioun

 

Well d'Ordonnancen oft op medezinesch Handlungen an Nobehandlungen hi verschriwwen ginn, ass et sënnvoll den Austausch vun dësen, tëschent de Gesondheetsberuffler ze digitaliséiern an dëst am Kontext vun der Dematerialisatioun. D‘e-Prescriptioun ass op nationalem Niveau geplangt a wäert duerch Bedeelegung vun der Agence eSanté am Europäesche CEF eHDSI-Programm, och um Europäeschen Niveau ausgedeent ginn.

Zil vun dësem eSanté-Service ass d'Dematerialiséierung vun 4 Fäll vun Ordonnancen: 

  • Medikamenter
  • Laboanalysen
  • Röntgen, Scanner an IRM
  • Krankeschäiner (Certificat d’incapacité de travail)


Virdeeler heivu sinn:

  • de sécheren Austausch vun Ordonnancen
  • d’Vereinfache fir den Dokter d’Ordonnancen auszestellen
  • méi Confort fir de Patient: z.B. duerch Warnmeldungen am Fall vun enger Redundanz
  • Reduzéiere vun de Käschten automatescher Redundanzpréifung an Iwwerwaache vun dematérialiséierten Déngschtleeschtungen
  • Besseren administrative Suivi an vereinfacht Bezuele vun den Ordonnancen

D’Haaptaufgab vun der Agence eSanté ass et, den Echange tëschent de betraffene Gesondheetsberuffler ze identifizéieren an ze erliichteren, an duerch den elektroneschen Austausch ze normaliséieren, sou wéi och en Referensystem ze entwéckelen an anzeféieren.

An deem Zesummenhang, huet d’Agence eSanté, z.B. zwee national Referenzkatalogen erausginn, déi sech ob déi zwou éischt Uwendunge bezéien, deen vun de Medikamenter an deen fir d’Coden déi fir Laboanalyse gebraucht ginn.

Anersäits schafft d’Equipe och un der Aféierung vun engem Reegelsystem, dat d’Reegele vun de verschiddenen Optragsgeber an hire spezifeschen Ufuerderungen zesummefaasst.