D'Agence stellt den Dokteren seng eSanté Servicer vir

Agence

D‘Agence eSanté huet zwou Informatiounsreuniounen organiséiert wou se iwwer 80 Gesondheetsspezialisten, hir innovativ Servicer virgestallt hunn
 

Têtes de personnes qui assistent à une réunion

Bei dëse Reuniounen, déi den 11. an 12. Juli 2023 an de Raimlechkeete vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch an den Hôpitaux Robert Schuman um Kierchbierg stattfonnt hunn, sinn den elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé - DSP), den elektroneschen Impfpass (Carnet de Vaccination Electronique – CVE) an déi zukünfteg ePrescriptioun Servicer virgestallt ginn.

Den DSP gouf ervirgehuewen fir seng Fäegkeet vun engem sécheren Austausch vu medezineschen Informatiounen tëscht Gesondheetsspezialisten ze erliichteren, wat eng optimal Koordinatioun vun der Fleeg fërdert.

Och d'Virdeeler vum CVE goufen ernimmt, e CVE, dee Patienten a Gesondheetsspezialisten en einfachen Zougang zu Impfinformatioune bitt. Dës Initiativ spillt eng entscheedend Roll beim Fërdere vun der ëffentlecher Gesondheet an der Gestioun vun Impfdonnéeën.
 
D'Agence eSanté huet iwwer hir zukünfteg ePrescription Servicer informéiert, déi de Prozess vun den Ordonnance vu biologeschen Analysen, Medikamenter, medezinesch Biller an Fleegeversuergung erliichteren an ze sécheren. Dës Servicer hëllefe potenziell Feeler ze reduzéieren an d'Effizienz vun den Ordonnancen ze verbesseren, fir eng qualitativ besser a sécher Betreiung.

Et gouf ausserdeem eng interaktiv Fro-an-Äntwert Ronn, bei der de Participanten déi technesch an operationell Aspekter vun de Servicer erkläert goufen. Zum Ofschloss gouf et e Patt wou an enger gemittlecher Ronn, Gesondheetsspezialisten an d‘Experten vun der Agence sech ënnerhalen an austausche konnten.

Nom Summer si weider Versammlungen am Norden an am Zentrum vu Lëtzebuerg virgesinn, fir esou vill Gesondheetsspezialisten wéi méiglech  z'erreechen a hinnen esou den Zougang zu den digitale Servicer vun der Agence ze erliichteren, an domat hir  Benotzung ze fërderen. Datt bréngt och mat sech, datt méi Gesondheetsspezialisten vun dëse Fortschrëtter profitéiere kënnen a weider Diskussioune fir en nach besseren a méi integréierte Gesondheetssystem engagéieren.

Klickt hei fir méi Informatiounen iwwer eSanté Servicer. 

Hutt Dir Ären eSanté Kont nach net aktivéiert fir op Ären DSP zouzegräifen?
Maacht dat elo andeems Dir hei klickt.