D'Agence eSanté am Déngscht vun der ëffentlecher Gesondheet

Agence

D'Agence eSanté war um Orientéierungsdag, organiséiert vum Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil, deen e Samschdeg, den 9. Mäerz 2024 am European Convention Center um Kierchbierg stattfonnt huet, vertrueden 
 

L'Agence eSanté au service de la santé citoyenne

Dësen Event war eng wäertvoll Geleeënheet fir d'Leit déi den Accueil an Integratiounsvertrag ënnerschriwwen hunn an de Membere vum neie „Biergerpakt“ Programm, deen 2024 a Kraaft getrueden ass, sech ze informéieren. Haaptzil war et, si mat den administrative Prozeduren, den Administratiounen an dem Veräinsliewen zu Lëtzebuerg vertraut ze maachen.

D‘Agence eSanté war ee vun de 40 Stänn un dësem Event, deen iwwer 930 Visiteuren ugezunn huet. Dëst war eng gutt Geleeënheet fir eis, déi Interesséiert iwwer d'Schrëtt z'informéieren, déi néideg si fir vum DSP (Dossier de Soins Partagé), dem sécheren elektronesche Gesondheetsdossier deen déi wichtegst Gesondheetsinformatioune regroupéiert, a vum CVE (Carnet de Vaccination Electronique – elektroneschen Impfpass), deen eng vereinfacht Consultatioun an Iwwerwaachung vun den duerchgefouerten Impfungen erméiglecht, ze profitéieren.

Klickt hei fir méi Informatiounen iwwert dësen Event.