Elektroneschen Impfpass (CVE)

Homme qui se fait vacciner

Mat dësem personaliséierten a séchere Service kënnt Dir:

  • Är Impfungen zu all Moment ganz einfach nokucken
  • Rappeller fir Är Impfunge kréien
  • eng personaliséiert Impfberodung, entspriechend de Recommandatioune vum CSMI (Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses) kréien

De CVE befënnt sech zënter Mëtt Januar 2022 bei den Impfdokteren an der Phase vun der allgemenger Aféierung

Jee no Fachberäich gëtt en an de liberalen Dokteschpraxen ugewannt. Ufanks bei de Kannerdokteren, duerno bei de Generalisten an Infektiologen an dann bei de Gynekologen a Gebuertshelfer. D’Objektiver vum CVE sinn:

  • Dematerialiséierung vun der gieler Kaart
  • Personaliséiert Recommandatiounen
  • Notifikatioune fir Impfrappeller
  • e sécheren Online Service
  • eng Impfkaart déi mat de Gesondheetsberuffler gedeelt ka ginn

Dëse Service ass iwwer Ären eSanté Kont verfügbar. Déi giel Impfkaart bleift bestoen.

clavier ordinateur avec touche pic vaccin
Femme avec casque Helpdesk

Weider Froen?

Kontaktéiert w.e.g onsen Helpdesk:

logo CVE