Participatioun vun der Agence un engem Webinar iwwer semantesch Interoperabilitéit

Nei Technologien

E Méindeg, 25. Abrëll 2022, huet e Grupp vun Experten aus Lëtzebuerg, der Belsch, Holland an Italien sech wärend engem Workshop zum Thema semantescher Interoperabilitéit ausgetosch
 

Webinaire sur l’interopérabilité sémantique

Samuel Danhardt, Responsabele vun der Interoperabilitéit bei der Agence eSanté, huet un dësem Event, organiséiert vun der ETHEL (European Health Telematics Association) deelgeholl, an konnt feststellen wéi änlech d‘Erausfuerderunge vun de verschiddene Länner an hire Kontexter sinn, wann et drëms geet d’Virdeeler vun der semantescher Interoperabilitéit voll auszenotzen. Am Uschloss huet hien der Agence eSanté hier Strategie zum Thema matgedeelt.

Weider Informationen iwwert dësen Event fannt Dir hei.

* Semantesch Interoperabilitéit ass d'Fäegkeet vun IT Systemer fir Daten auszetauschen, deenen hir Bedeitung eendeiteg ass. Et ass eng Viraussetzung datt d'Gesondheetsdaten net nëmmen tëscht verschiddene Systemer oder Uwendungen gedeelt, mee och verstane ginn. Bei der semantescher Interoperabilitéit geet et drëm d'Bedeitung vun den Donnéeën ze vermëttelen.