E wichtegen Accord fir den Austausch vu Gesondheetsdaten an Europa

International

Den EU Conseil an d'Europäescht Parlament hunn e provisoreschen Accord iwwer d'Schafe vun engem European Health Data Space (EHDS) erreecht, fir den Zougank zu, an dem Austausch vun elektronesche Gesondheetsdaten uechter d'EU ze erliichteren
 

UE

D'Haaptzil ass et, de Leit den Zougank op, an d'Kontroll iwwer hir eege Gesondheetsdaten ze verbesseren, a gläichzäiteg hier Weiderbenotzung zu Zwecker vum ëffentlechen Interesse, der Fuerschung an der Prise de Décision ze déngen. Dësen Accord soll d'Reegele harmoniséiere fir e grenziwwerschreidenden Zougank op dematerialiséierte Gesondheetsdonnéeën ze garantéieren, sou datt d'Patiente e Suivi vun hirer Behandlung hunn, wann se an aner EU Länner reesen, an Dokteren eng optimiséiert Behandlung kënne bidden.

Dës nei Reegele garantéieren e méi einfachen a séieren Zougank op déi elektronesche Gesondheetsdaten vun all Eenzelen, onofhängeg vun hirem Wunnuert ënnerhalb der EU. Zousätzlech ginn se de Leit méi Kontroll iwwer d'Benotze vun hire Gesondheetsdonnéeën.

D'EHDS bitt och der wëssenschaftlech Fuerschung grouss Méiglechkeete, andeems se e sécheren Zougank zu bestëmmte Gesondheetsdaten ënner strikte Konditiounen ubidden, wat zu der Entwécklung vun der Gesondheetspolitik a Statistik op europäeschem Niveau bäidroe wäert.

Dësen europäeschen Accord iwwer den Austausch vu Gesondheetsdonnéeën, mécht de Wee fräi vun engem eenheetlecht europäesche Format fir de grenziwwerschreidenden Datenaustausch, a stäerkt d'Potenzial vum elektronesche Gesondheetsdossier (DSP - Dossier de Soins Partagé) fir d'Gesondheet vun de Leit a ganz Europa méi effektiv ze geréieren.

►Klickt hei fir déi komplett Pressematdeelung ze liesen.