Är Impfdonnéeë gehéieren Iech!

Agence

Ab elo kënnen all Är a Lëtzebuerg gemaache COVID-19 Impfungen an Äre CVE agedroe ginn
 

Données vaccinales sur la Covid-19 dans le DSP

Dank dëser neier Funktioun, a mat Ärer explizitter Zoustëmmung, ginn Är Impfdonnéeë betreffend COVID-19 automatesch an Ärem CVE (Carnet de Vaccination Électronique – elektroneschen Impfpass) iwwerholl.

Duerfir brauch Dir nëmmen déi dofir virgesinn Awëllegung an Ärem CVE ënnert „Mes consentements“ unzeklicken.

Mir erënneren drun, datt et och méiglech ass Äre CVE an Ärem DSP (Dossier de Soins Partagé – elektronesche Gesondheetsdossier) ze aktualiséieren an en esou fir all autoriséiert Gesondheetsberuffler zougänglech ze maachen.

Hutt Dir Froen?
Kontaktéiert eisen Helpdesk, iwwer Telefon op (+352) 27 12 50 18 33 oder per Mail un helpdesk@esante.lu.