Ufank vun enger neier Etapp Richtung DSP vun der neier Generatioun (DSP NG)
Agence
Am Kader vum Projet „Dossier de Soins Partagé – Nouvelle Génération (DSP NG)“ huet d’Agence eSanté eng Ausschreiwung um Portal fir ëffentlech Ausschreiwunge verëffentlecht.
Dës Ausschreiwung bezitt sech op d’Ënnerstëtzung bei der Ausaarbechtung vum Cahier de charges an der Ëmsetzung vum ëffentleche Marché. Si ass an zwou Partien opgedeelt:
- Partie 1: Technesch a funktionell Ënnerstëtzung bei der Ausaarbechtung vum Cahier de charges a Begleedung bei der Ëmsetzung vum Marché.
- Partie 2: Juristesch Ënnerstëtzung bei der Ausaarbechtung vum Cahier de charges a Begleedung bei der Ëmsetzung vum Marché.
Den DSP NG wäert d’Besonneschkeete vum Europäesche Gesondheetsdatenraum (EHDS) berücksichtegen, fir eng besser Interoperabilitéit an Konformitéit mat den europäesche Standarden ze garantéieren.
Interesséiert Ubidder kënnen d’ganz Ausschreiwung um Portal fir ëffentlech Ausschreiwungen nokucken.