Wat ass den EHDS ?
Den Europäesche Gesondheetsdatenraum (EHDS – European Health Data Space) ass eng wichteg Initiativ vun der Europäescher Unioun, déi drop ausgeriicht ass, e sécheren a harmoniséierte Kader fir den Austausch an d’Notzung vun elektronesche Gesondheetsdaten an Europa ze schafen.
D’Zil ass et, d’Rechter vun de Bierger op hir Gesondheetsdaten ze stäerken, d’Qualitéit vun der Gesondheetsversuergung ze verbesseren, d’Fuerschung an d’Innovatioun ze fërderen, a gläichzäiteg de Schutz vun de perséinlechen Donnéeën ze garantéieren.


Haaptzilsetzungen
1) Stäerkung vun der Selbstbestëmmung vun de Bierger : All Eenzele soll einfachen Zougang zu senge elektronesche Gesondheetsdaten hunn, dës kontrolléieren an deele kënnen – och iwwert national Grenzen eraus.
2) Harmoniséierung vun den digitale Gesondheetssystemer : Festleeë vu gemeinsame Standarde fir elektronesch Gesondheetsdossieren, fir d’Interoperabilitéit an d'Sécherheet vun de Systemer op europäeschem Niveau ze garantéieren.
3) Fërderung vun der Weidernotzung vun Donnéeën: Sécher an ethesch Notzung vu Gesondheetsdate fir Fuerschung, Innovatioun, Politikgestaltung a Regulatiounszwecker erméiglechen.
Virdeeler fir d’Lëtzebuerger Bierger
► Einfacheren Zougang zu Gesondheetsdaten : Gratis a séieren Abléck an elektronesch Gesondheetsdaten wéi Ordonnancen, Untersuchungsresultater a medezinesch Berichter.
► Sécheren Informatiounsaustausch : Méiglechkeet, seng Gesondheetsdaten mat Gesondheetsspezialisten zu Lëtzebuerg an aneren EU-Länner ze deelen, wat d’Kontinuitéit vun der Versuergung erliichtert.
► Schutz vun der Privatsphär : Recht, sech géint d’Weidernotzung vun den eegene Donnéeën ze wieren, mat strenge Sécherheets- a Confidialitéitsgarantien.


Virdeeler fir Gesondheetsberuffler
► Einfachen Abléck an d’Patientendossieren, wat d’Waardezäiten reduzéiert an d’Qualitéit vun der Versuergung verbessert.
► Reduktioun vum administrativen Opwand : Manner Zäit fir d’Verwaltung vun Dokumenter, sou datt méi Zäit fir d’Patientë bleift.
► Verbesserte Fuerschung a Formatioun : Zougang zu anonymiséierten Donnéeën fir klinesch Fuerschung an d’Entwécklung vu bewäerte Praktiken, wat och zur kontinuéierlecher Weiderbildung bäidréit.
Zäitplang fir d'Ëmsetzung

Ëmsetzung zu Lëtzebuerg
Lëtzebuerg engagéiert sech aktiv an der Ëmsetzung vum EHDS. Et ginn Initiative fir digital Infrastrukturen unzepassen, Gesondheetspersonal ze schoulen an d’Bierger iwwer hir nei Rechter ze informéieren. D’Land wëll e Virbild am Beräich vun der digitaler Gesondheet ginn an eng glat a profitabel Transitioun fir all d‘Acteuren am Gesondheetssystem garantéieren.
D’Agence eSanté spillt eng zentral Roll an dëser Transformatioun, andeems si sécher, interoperabel a bedierfnisgerecht digital Léisunge garantéiert – fir d’Bierger wéi och fir d’Gesondheetspersonal.