Presenz vun der Agence um Dag vun der Allgemeng Medezin

Agence

E Samschdeg, de 25. Mäerz 2023, huet d'Agence eSanté mat engem Informatiounsstand um 15. Dag vun der Allgemengmedezin deel geholl
 

Entretien avec un médecin

Mir soen de Membere vum Verwaltungsrot vun der ALFORMEC (Association Luxembourgeoise pour la Formation Médicale Continue) Merci dofir datt se ons un dësem Event deelhuelen gelooss hunn.

Bei dëser Geleeënheet goufe praktesch an interaktiv Workshops fir Generalisten organiséiert. Dräi vun eise Mataarbechter, dorënner den Dr. Laurent Vandenhove, ware mat engem Informatiounsstand vertrueden. Dëst huet et erlaabt eis Iddien mat den Dokteren auszetauschen fir praktesch Erfarung ze sammelen, Froen ze beäntweren, d'Servicer vun der Agence virzestellen a fir d'Virdeeler fir Patienten a Gesondheetsspezialisten ze presentéieren, awer och d'Limitten an déi lafend Aarbechten zu dësen Themen opzeweisen. Eng super Geleeënheet eis eSanté Servicer un d'Bedierfnesser vun de Fachleit unzepassen.