Nei Virriichtung als Ureiz fir Digitaliséierung

Agence

Am Optrag vun der Gesondheetskeess an dem Lëtzebuerger Staat, huet d’Agence eSanté eng Ureizvirriichtung ageriicht fir d’Aféierung vum „Remboursement accéléré“ (RA) an dem „Paiement immédiat direct“ (PID)
 

Nouveau dispositif d’incitation à la digitalisation

Dës Virriichtung soll et erméiglechen d'Ziler ëmzesetzen fir d’Aféierung an de Softwareléisungen ze beschleunegen, déi de verschidden technesch a funktionell Ufuerderunge entspriechen. Dës Léisunge mussen, fir vum System ze profitéieren, spezifesch Viraussetzungen a Critèren erfëllen.

Matt dëser Virriichtung dréit d'Agence fir all nei Installatioun vun enger referenzéierter Softwareléisung fir en Dokter / Zänndokter un den RA Service oder alternativ zum PID ze verbanne mat engem Forfait bäi.

►  Fannt hei all Informatioun zu dëser Virriichtung.