Interview am Paperjam iwwer d'Wiel vun EBRC fir den Hebergement vun der eSanté Plattform
An engem Video-Interview deen op der Paperjam Websäit verëffentlecht gouf, presentéieren eise Generaldirekter, Hervé Barge, an eis Responsabel vum Pilier Projet’en, Servicer a Support Client, Pascale Lucas, d'Grënn, déi d’Agence dozou beweegt hunn, , déi lëtzebuergesch renomméiert Tier IV Hosting Societéit EBRC ze wielen fir den Hosting vun de verschiddene vun eiser eSanté-Plattforme proposéierte Servicer.
An dësem kuerze Video presentéieren den Hervé Barge a d’Pascale Lucas an e puer Wierder d’Agence an hir deployéiert e-Santé Servicer, wourënner besonnesch den Dossier de Soins Partagé (DSP) als ee vun hiren Haaptservicer. Duerno erklären si, wat d'Agence dozou beweegt huet, EBRC (European Business Reliance Center) - unerkannt fir hier Expertise am Beräich vun der Gestioun an dem Hosting vu sensibelen Daten an hire Bäitrag zu Dateschutzléisungen um héichsten Niveau - fir d'hosten vun der eSanté Plattform gewielt hunn. Si ginn och d’Grënn un, firwat si EBRC aneren Entreprisë recommandéiere géifen. Den Interview hellt en Enn mat e puer Stéchwierder, fir déi enk Zesummenaarbecht ze beschreiwen, déi sech tëschent dësen 2 Partner entwéckelt huet.
Hei fannt Dir den integralen Video-Interview.
Méi Informatiounen iwwer den Ensembel vun den e-santé Servicer, déi iwwert d’Plattforme eSanté ugebuede ginn, sinn hei disponibel.