Accueil  >  Agence eSanté  >  eSanté Plattform an hier Servicer  >  eSanté Plattform an hier Servicer

eSanté Plattform an hier Servicer

  • Ausdréckbar Versioun
  • Op déi ursprénglech Taille zeréckkommen
  • D'Taille vum Text vergréisseren
  • Engem Frënd schécken

D’eSanté Plattform bitt, niewent dem DSP, eng Villzuel vun Déngschtleeschtunge fir d'Gesondheetsdéngschtleeschter an d’Patienten. Op de folgende Säite fannt Dir all wesentlech Informatiounen iwwert d’eSanté Plattform.

Komponenten

Komponenten

Dësen Abschnitt illustréiert d’Haaptkomponente vun der Plattform; hie beschreift d’Grondbausteen an de néideg Elementer fir e reiwungslost Funktionéiere vun der Plattform.

D’Grondbaustee vun der Plattform ënnerstëtzen net nëmmen d’Funktionéiere vun der Plattform selwer, mee suergen och dofir, dat d’Plattform en rationellt Hëllefsmëttel ass, dat de lëtzebuergesche Gesondheetssystem op eng effizient Manéier ënnerstëtzt an donieft och dem omnipresenten europäesche Kontext entsprécht.

Servicer

Servicer

Dir huet wahrscheinlech scho vum DSP, dem gemeinsamen elektronesche Gesondheetsdossier, eng vun den Haaptdéngschtleeschtunge vun der eSanté Plattform, héieren. Wousst Dir, dass d’Plattform haut ewell verschidden aner Servicer bitt? Gitt hei gewuer, wéi eng dat sinn a wat fir e Méiwäert dës fir Iech als Patient oder als Gesondheetsdéngschtleeschter bidden.

 

Schema

Schema

E Bild seet méi wéi dausend Wierder. Dowéinst proposéiere mir Iech, mat Hëllef vum Schema an dësem Abschnitt, een zesummefaassenden Iwwerbléck iwwert d’eSanté Plattform.

Dir wäert entdecken, dass d’Plattform am lëtzebuergesche Gesondheetssystem integréiert ass, wéi eng Interaktioune bestinn, wien déi wesentlech Bedeelegt sinn a wéi eng zentral Roll d’Plattform am Gesondheetssystem spillt.

 

Top