De Service fir Teleconsul­tatioun

Fir den Zougang zu der medezinescher Betreiung vun de Bierger méi einfach ze maachen an och Deplacementer ze vermeiden, gouf d'Agence eSanté beoptraagt en ëmfaassend Teleconsulatiounssystem op d’Been ze stellen

         

Zënter datt en am Mäerz 2020 fir d'éischt a Betrib geholl gouf, gouf et op eisem eConsult Service verschidden Ännerunge fir de Besoinen vum Secteur Äntwert ze droen, an zwar mat de folgende Verbesserungen:

eng allgemeng méi vereinfacht Handhabung
eng Upassung un all d'Bildschirmer (PC, Tablets, Smartphones)

d’Méiglechkeet e RdV mat engem weidere Spezialist ze arrangéieren (Orthophonisten oder Ernierungsberoder)

d’Méiglechkeet e RdV fir eng 3.Persoun ze maachen (Kanner, Elteren)

d’Méiglechkeet Dokumenter mam Gesondheetsdéngschtleeschter ze deelen

OPGEPASST !

Wann Dir Iech umellt an automatesch op d'Websäit vun der Agence eSanté (www.esante.lu) weidergeleet gitt, musst Dir Äre Browser-Cache eidel maachen.

Kuckt eis FAQ fir erauszefanne wéi Dir dëst fir all Browser maache kënnt.
 

D’Virdeeler vun der Notzung vum Service vun der Teleconsultatioun:

Duerch di aktuell Covid-19-Pandemie, bitt de Service Teleconsultation Iech eng Unzuel vu Virdeeler: 

  • Limitéiere vun den Deplacementer a Kontakter a soumat der Gefor sech unzestiechen
  • Schutz fir Patienten, d‘Gesondheetsberuffler an all Bierger
  • Och wann Telekonsultation d’Medezin net ersetzt, erméiglecht se awer en einfachen Zougang fir medezinesch Betreiung a bitt duerch Videokonferenzen an dem elektroneschen Zoustelle vun Dokumenter, eng zousätzlech Hëllef.


 Haaptvirdeeler vun dësem Service :

  • Keen Deplacement fir de Patient = keng Ustiechungsgefor
  • Doktere kënne vun doheem aus schaffen

 

eConsult, en Instrument dat d‘Sécherheetsmoossnahmen an den Dateschutz vu Persounen integréiert :

  • Sammelen an Veraarbechte vu perséinlechen Date gemäscht dem RGPD ((UE) 2016/679)
  • Perséinlech Date ginn op Lëtzebuerger Territoire vun enger agreéerter Hostingfirma gespäichert
  • Mam ausdrécklechen Accord vum Benotzer, sinn di perséinlech Daten nëmmen de Gesondheetsberuffler, dem behandelnden Dokter (nom Iwwermëttele vum Gesondheetsrapport duerch de Benotzer), der CNS (am Fall vun Krankeschäiner, déi vum Dokter ausgestallt sinn) an de befugte Mataarbechter vun der Agence fir d’Ënnerstëtzung vum Service um Notzer, zougängeg
  • Keng perséinlech Donnéeë ginn anere Persoune matgedeelt
  • All Notzer huet d’Recht op Informatioun, Zougang, Verbesserung, Widersproch a Läsche vu perséinlechen Daten.

eConsult-Plattform

eConsult erméiglecht dem Patient eng Online-Spriechstonn mat sengem Dokter, Zänndokter, Logoped oder senger Hiewan. Dës Consultatioun leeft iwwer Audio oder Video.

Firwaat gëtt et eng Plattform fir Teleconsultatioun?

Regierung huet der Agence eSanté den Optrag ginn, en ëmfangräicht Telecommunicatiounssystem anzeriichte, fir den Zougang fir medezinesch Betreiung ze erliichteren. All Bierger muss en einfache, sécheren an gratis Zougang zu der Teleconsulatioun hunn. Dës Mossnam ass néideg fir Deplacementer a soumat Ustiechungsgefoor ze minimiséieren. Dëse Service erméiglecht den Dokteren déi a Quarantän sinn, hire Beruff weider auszeféieren.

Wéi funktionnéiert dat?

De Patient an den Dokter registréiere sech op der Plattform. Duerno reservéiert de Patient e RdV am Kalenner vum Dokter. De Kontakt gëtt iwwer Teleconsultatioun hiergestallt.

Firwat eConsult fir Teleconsultatioun benotzen ?

eConsult erméiglecht e séchert Ëmfeld  vun der Teleconsultatioun fir d‘Beroodung op Distanz. Ausserdeem iwwermëttelt eConsult all Informatioun fir Weiderbehandlung vum Patient automatesch (z.B. un d’Apdikt, de Labo, CNS asw...).

Wat maache mat de verschiddenen Dokumenter di den Dokter wärend der Teleconsultatioun erstallt huet ?

Dokumenter, déi am Kader vun enger Teleconsultatioun vum Dokter erstallt gi, ginn automatesch an Ärem eConsult Kont gespäichert. 

Soubal Dokumenter verfügbar si, kritt Dir eng E-Mail. Hei fannt Dir Instruktioun wéi Dir weider virgoe musst:

De Krankeschäin

De Krankeschäin huet 3 Voleten :

Volet n°1 : gëtt automatesch un d‘CNS geschéckt
Volet n°2 : ass eng Kopie fir Iech
Volet n°3 : muss vun Iech ausgedréckt ginn an un Äre Patron geschéckt ginn.

Ordonnance vun Medikamenter

Dréckt w.e.g. Är Ordonnance vum Dokter aus:

  • wann d’Ordonnance ënnen lénks e QR-Code huet, kënnt Dir domat an d’Apdikt goen. Den Apdikter kann mat der Matricule, d’Ordonnance an sengem Computersystem opruffen.
  • wann d’Ordonnance kee QR-Code huet, kritt Dir d‘Original per Post geschéckt oder direkt vun Ärem Dokter ausgehännegt.

 

Ordonnance fir de Labo

Déi gëtt automatesch un de Labo vun Ärer Wiel geschéckt. Dir kënnt dann direkt an deen Labo goen. Falls d’Analyse doheem muss gemaach ginn, gitt Dir vum Labo kontaktéiert fir e RdV auszemaachen.

D’Rechnung

Vergiesst net Dokteschrechnung an Ärem eConsult Kont ze kucken an ze iwwerweisen.