Den DSP (Dossier de Soins Partagé)

Den DSP

Den DSP ass en online Service, deen d’Zesummenaarbéecht tëschent de Gesondheetsdéngscht-leeschter fërdert an dem Patient zur Verfügung steet.

D'Haaptzil vum DSP ass et, den Austosch tëschent de verschiddene Gesondheetsdingschtleeschter ze favoriséieren, an esou eng besser koordinéiert Prise en charge vum Patient ze versécheren.

D’Virdeeler vum DSP fir d’Gesondheetsfachleit:

  • direkten Zougang zu behandlungsrelevante Patienten-
    donnéeën
  • séier an einfach Gesondheetsdonnéeën erëmfannen mat Hëllef vum „moteur de recherche“
  • d’Méiglechtkeet d’Gesondheetsdonnéeën op eng méi einfach Art an Weis mat mengen Aarbechtkollegen ze deelen an auszetauschen
  • dréit zu enger optimaler Behandlung an d‘Kontinuitéit vun der Behandlung vu menge Patienten bäi.
Virdeeler DSP
logo myDSP