Mët 23 Okt
Agence eSanté

Präsenz vun der Agence eSanté am ChdN - eSanté Kontoaktivéierung

Den 23 Oktober 2024
Centre Hospitalier du Nord - 120 Av. Lucien Salentiny, 9080 Ettelbruck

D'Agence eSanté ass am CHdN op der Plaz, fir de Gesondheetsberuffler a Patienten de Service vun der Aktivatioun vum eSanté Kont unzebidden.

Dës Aktivatioun erméiglecht e sécheren Zougang zum elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé - DSP) an de Gesondheetsdonnéeën, déi do gespäichert sinn, wéi Labosresultater a medezinesch Biller.

D'Participante kënnen dovu profitéiere bei der Aktivatioun vun hirem Kont a bei all Froen iwwer d'Gestioun vum DSP, perséinlech beroden ze ginn.