Am Kader vun hirer Aktioun myDSP on Tour, ass d’Agence eSanté vun der Associatioun "Internetstuff", déi digital Formatioune fir Bierger ubitt, invitéiert gi fir an hire Raimlechkeeten eng Informatiounsversammlung iwwer den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP - Dossier de Soins Partagé) ze halen. Eng éischt Reunioun ass op Portugisesch (14:00 - 16:00 Auer ) an duerno op Franséisch (16.00-18.00 Auer).
Profitéiert vun dëser Geleeënheet méi iwwer den DSP gewuer ze ginn an Ären eSanté Kont op der Plaz ze aktivéieren, fir direkt Accès drop ze kréien.
►Mellt Iech u per E-Mail (Istuff@mda.lu) op oder iwwer Telefon (26 00 80 38).