Am Kader vun der Aktioun "myDSP on tour" organiséiert d'Agence eSanté, a Kollaboratioun mat der Associatioun "ErwuesseBildung", zwou Informatiounssëtzungen (moies vu 9 bis 11 Auer op Lëtzebuergesch an nomëttes vu 14 bis 16 Auer op Franséisch) iwwer den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP - Dossier de Soins Partagé).
Dës Sessiounen wäerten ënner anerem déi follgend Froe behandelen:
- Wat ass den DSP?
- Woufir gëtt e gebrauch?
- Wat sinn d'Virdeeler fir mech an d'Gesondheetsberuffler?
- Wéi benotzen ech en?
- A wéi ginn ech mengem Dokter Zougang?