"Et muss een op de Wee vun engem DSP vun der 2. Generatioun goen"

Presseartikel

D'Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung, huet an engem exklusiv Interview am Magasinn MedinLux hir Visioun vun der Digitaliséierung an dem elektronesche Gesondheetsdossier (DSP) matgedeelt

Article MedinLux

D’Ministesch versteet d’Komplexitéit vum Digitaliséierungsprozess a betount, datt déi éischt Generatioun vum elektronesche Gesondheetsdossier weider entwéckelt gi muss. Si proposéiert eng pragmatesch Approche bei der een en DSP vun der 2. Generatioun entwéckelt, dee méi userfriendly  gëtt, mat engem méi einfachen Zougank a strukturéierten Donnéeën.

 

Si ënnersträicht och d'Noutwendegkeet vun engem ganze System fir d’Strukturéierung vun der Patienteversuergung, mat engem Echtzäit Zougank fir all d’Acteuren déi sech em ee Patient këmmeren. Si betount ausserdeem  d'Wichtegkeet vun der Digitaliséierung fir de Parcours vun de Patienten ze verbesseren, d'Verantwortung vun de Patienten ze stäerken an e Patient-Partner Konzept ze fërderen. Um Schluss versprécht si sech ze engagéieren déi néideg Zäit ze huele fir d'Visioun an d'Schrëtt déi fir dëse Prozess néideg sinn, ze klären.

►Klickt hei fir den Artikel ze liesen. (op franséisch)
►Klickt hei fir méi iwwer den DSP gewuer ze ginn.