Ernennung vun engem neie Generaldirekter fir d‘G.I.E. Agence eSanté

Agence

De Ian Tewes, Premier conseiller de gouvernement a Coordinateur vun der  « Santé Digitale » am Gesondheetsministère, ass ab 1. September 2023 neie Generaldirekter vun der Agence eSanté. Seng Nominatioun gouf eestëmmeg an der Sëtzung vum Conseil de gérance vun der Agence vum 28. Juli 2023 ugeholl

Vun elo un, ass de Ian Tewes, zesumme mam aktuelle Generaldirekter, deen den 31. Dezember 2023 an d'Pensioun geet, verantwortlech fir den alldeegleche Fonctionnement vun der Agence eSanté, fir en optimalen an effizienten Iwwergang vun deene verschiddenen aktuellen Ugeleeenheeten ze garantéieren.

An Zesummenaarbecht mam neie President vum Conseil de gérance, dem Marc Hostert, Conseiller de gouvernement de 1ère classe, zoustänneg fir d'Digitaliséierung am Ministère vun der Sécurité Sociale, besteet hir Missioun doranner d'Digitaliséierung vum Gesondheetssecteur ze beschleunegen, virun allem duerch de Projet HISL (Health Information System Luxembourg).  Dëse Projet huet als Zil, all Gesondheetsberuffler direkten Zougang zu der Gesondheetsinformatioun ze ginn, déi néideg ass fir eng optimal Patientefleeg ze garantéieren.

De Verwaltungsrot seet dem Här Hervé Barge Merci fir seng wäertvoll Aarbecht, déi hie fir d‘Agence eSanté geleescht huet a wënscht der neier Ekipp, dem Ian Tewes a Marc Hostert, souwéi de Mataarbechter vill Erfolleg bei der Fortsetzung vun der Digitaliséierung vum Gesondheetssecteur