En onverzichtbaren Event fir Gesondheetsberuffler

Informatiounsversammlung

E Mëttwoch, den 22. Mee 2024 huet d'Agence eSanté eng Informatiounsversammlung am Centre Hospitalier Emile Mayrisch (CHEM) zu Esch-Uelzecht ofgehalen, fir d'Gesondheetsberuffler iwwer hier eSanté-Servicer z'informéieren

Un rendez-vous incontournable pour les professionnels de santé

Wärend dëser Sessioun, huet si hir aktuell operationell Servicer am Detail presentéiert, mam Haaptfokus op den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP – Dossier de Soins Partagé) an den elektroneschen Impfpass (CVE – Carnet de Vaccination Électronique). Dës digital Instrumenter, déi scho benotzt ginn, erliichteren de Gesondheetsberuffler d'Gestioun vun der Betreiung an den Impfungen, wouduerch d'Qualitéit vun der Betreiung fir Patiente verbessert gëtt.

Zousätzlech zu hiren aktuelle Servicer, huet d'Agence och geplangten zukünfteg Servicer presentéiert, déi op groussen Interessi a vill Froe vun de Participanten gestouss sinn. Dës nei Servicer si vill verspriechend wat eng verbessert d'Koordinatioun vun der medezinescher Versuergung ugeet.

Dës Versammlung war gepräägt vun engem konstruktiven Austausch tëscht Vertrieder vun der Agence eSanté an de presente Gesondheetsspezialisten, deen et erméiglecht d‘Erausfuerderungen an d'Méiglechkeeten unzegoen, déi mat der Integratioun vun digitalen Technologien am medezinesche Secteur verbonne sinn.

Sidd Dir e Gesondheetsberuffler a wëllt méi iwwer eSanté Servicer gewuer ginn? Klickt hei.

Wëllt Dir Ären eSanté Kont aktivéiere fir eSanté Servicer ze benotzen? Zéckt net onsen Helpdesk um (+352) 27 12 50 18 33 oder per E-Mail op helpdesk@esante.lu ze kontaktéieren.