E wichtege Schrëtt fir d'Cybersécherheet zu Lëtzebuerg
E Méindeg, de 17. Oktober 2022 gouf d‘ “Luxembourg House of Cybersecurity" (LHC), fréier "Securitymadein.lu", a Presenz vum Prënz Guillaume an dem Wirtschaftsminister Franz Fayot ageweit
Mat senger neier Organisatioun huet d‘ LHC sech als Zil gesat, sech als den onverzichtbare Kontakt fir Cyber-Widderstandsfäegkeet fir ëffentlech a privat Acteuren ze positionéieren.Et soll all d‘Akteuren zesumme bréngen fir d’Zesummenaarbecht, d‘Innovatioun a Synergien ronderëm kritesch Themen ze erliichteren an domat de Schutz duerch Präventioun ze verbesseren.
D'Agence eSanté - a virun allem hir eQualis Departement - schafft enk mam LHC zesummen, besonnesch bei der Ëmsetzung vun engem Instrument, deen et de Gesondheetsspezialisten erlaabt hire Maturitéitsniveau a punkto bescht Praktiken, déi am Beräich vun der Informatiounssécherheet applicabel sinn, selwer ze bewäerten.
Dëst ass Fit4Health, en Online Questionnaire fir auszefëllen, deen Iech erlaabt geziilt Recommandatiounen ze kréien fir den Niveau vun der Informatiounssécherheetsmaturitéit ze verbesseren.