Den neie Carnet de santé hieft de CVE ervir

eSanté News

Den neie Carnet de santé dee vun der Gesondheetsdirektioun ausgeschafft gouf, ass Deel vun enger Politik déi méi Neutralitéit a Gläichheet tëschent Meedercher a Jonge fërdere soll

 

Le nouveau carnet de santé met en avant le CVE

Dësen neie Carnet, mat méi neutrale Faarwen, faasst all d'Elementer fir d‘Gesondheet vun engem Kand vun der Gebuert un zesummen, wéi z.B. Wuestumscourben an d'Entwécklung vum Gewiicht, d'Rendezvouse beim Dokter an deenen éischte Liewensjoren oder och nach den Impfkalenner.
Well den elektroneschen Impfpass (CVE-Carnet de Vaccination Electronique) deen vun der Agence eSanté agefouert gouf, d'Iwwerwaachung an d'Konformitéit vum Impfskalenner erliichtert, ass eng entspriechend Notiz am iwwerschaffte Carnet de santé vermierkt ginn.

D'Opmaache vun engem CVE fir en Neigebuerent vereinfacht:

  • d‘Enregistrementer vun all Impfungen vum Kannerdokter
  • d'Visibilitéit vum Impfstatus fir déi verschidde Gesondheetsberuffler, déi si op hirem Gesondheetsparcours begleeden
  • Iwwerwaachung vun Opfrëschimpfungen duerch personaliséiert Notifikatiounen.

Méi Informatioun iwwer de CVE fannt Dir hei