Dem INCCI seng "Amicale des patients" benotzt gläich eConsult
Agence
D'Agence eSanté huet déi néideg Mesuren geholl, fir datt d'Amicale des Patients vum INCCI, eConsult, den Teleconsultatiounstool vun der Agence, an der Betreiung vu Patienten, déi eng Häerzoperatioun haten oder deemnächst hunn, gläich benotze kënnen
D'Amicale des patients vum INCCI (Institut National de Chirurgie Cardiaque et de Cardiologie Interventionnelle) besteet aus engem fräiwëllegen Grupp vu Fachleit a fréiere Patienten vum INCCI a bitt gratis pre- an postoperativ Ënnerstëtzung un fir all Persounen déi eng Operatioun haten oder wäerten hunn, wéi och fir hir Famill.
An deem Kontext huet d'Agence eSanté hiren Teleconsultatiounstool (eConsult) ugepasst, fir datt gläich interesséiert Persounen online e Rendezvous an eng vertraulech Videokonsultatioun kënne maachen.