De Médicaplan, den elektronesche Medikamentepass, ass kompatibel mam DSP!

eSanté News

Déi elektronesch Versioun vum Médicaplan, déi am Joer 2022 lancéiert gouf, ass elo mam elektronesche Gesondheetsdossier (DSP) kompatibel, a kann direkt dran deposéiert ginn
 

Tête avec plusieurs post-its avec des noms de médicaments

Zur Erënnerung, de Médicaplan ass en einfacht Dokument dat et jidderengem erméiglecht d'Lëscht vun de Medikamenter déi een hëlt bei sech ze hunn, an se un all Gesondheetsberuffler deen se brauch weiderzeginn. D‘Dokument ass digital a fir erauszedrécken op der Websäit www.medicaplan.lu.

Nodeems en ausgefëllt ass, ass et elo méiglech en an de perséinlechen Espace vun Ärem DSP ze deposéieren, wou en vun autoriséierte Gesondheetsberuffler konsultéiert ka ginn. Dës Zentraliséierung vun essentiele Gesondheetsinformatiounen fërdert eng besser medezinesch Iwwerwaachung a vereinfacht d'Koordinatioun vun der Gesondheetsversuergung.

►Wëllt Dir wëssen wéi Dir en Dokument an Ärem DSP deposéiert ?

Klickt hei fir den DSP Quickguide erofzelueden.