D'Agence eSanté am Kader vun der Healthcare Week Luxembourg 2023

Evenementer

D'Agence eSanté war houfrege Sponsor vun der éischter Editioun vun der Healthcare Week Luxembourg, en Event dat vum Mëttwoch 20. September bis Freideg 22. September 2023 stattfonnt  mam Zil de Gesondheetssystem zu Lëtzebuerg ze verbesseren
 

Collaborateurs sur le stand de l'agence

Wärend dësem Event waren e puer Memberen aus verschiddenen Departementer vun onser Ekipp op eisem Stand present fir Visiteuren ze begréissen an hir Froen iwwer d'Agence a seng Servicer ze beäntweren. Ausserdeem war en Helpdesk Member géigewäerteg fir et de Besicher z'erméiglechen hiren eSanté Kont op der Plaz z'aktivéieren, an esou den Zougang zu eise Servicer ze erliichteren.

Nieft eiser Presenz mat engem Stand hunn e puer Mataarbechter vun der Agence wichteg Virträg gehale, dorënner:

  • Vers le smartDSP : approche RGPD et Environnementale - organiséiert vu POST Lëtzebuerg, mat der Participatioun vum Raffaela VACCAROLI, Deputy Chief Operating Services Officer,
  • Quelles réponses face aux risques croissants de cyber-attaques contre les établissements de santé - organiséiert vun SIH Solutions, mat der Participatioun vum Jérôme Gauthier, Chief Information Security Officer (CISO),),
  • Les services eSanté au cœur de la digitalisation de l'écosystème de santé luxembourgeois - presentéiert vum Sébastien WAFFLART, Chief Operating Services Officer.

Dësen aktiven Engagement op der Healthcare Week Luxembourg weist eis Determinatioun fir digital Transformatioun am Lëtzebuerger Gesondheetssecteur ze fërderen a Qualitéitsléisungen fir Gesondheetsspezialisten a Bierger unzebidden.

Fir um neiste Stand vun eisen Aktivitéiten ze bleiwen, verfollegt eis op de sozialen Netzwierker: