Webservices externes (WSE)

Service mat deem d‘Apdikter, d'Laboen an den CGDIS (Corps grand-ducal d'incendie et de secours) de Sozialversécherungsstatus vum Patient iwwerpréife kënnen. 

Mat dësem Service, deen extra fir d’Apdikter geduecht ass, kënnen d’Apdikter Zougang op déi geséchert Plattform „mySecu" kréien, fir esou den Affiliatiounsstatus vu kranken- an onfallversécherte Persounen wéi och d’Verschreiwungsrecht vun den Dokteren ze iwwerpréiwen.

De Service setzt domat den Artikel 7 vun der modifizéierter Konventioun, déi tëschent der Gesondheetskeess an dem "Syndicat des Pharmaciens Luxembourgeois asbl" am Dezember 2019 publizéiert gouf em, deen den 1. Februar 2020 a Kraaft getrueden ass.

Den Artikel 7 gesäit ënner anerem vir, datt d’Gesondheetskeess sech dozou engagéiert huet, eng Computerverbindung anzeriichten an ze ënnerhalen, fir esou den Apdikter déi un d‘Konventioun gebonne sinn d‘Méiglechkeet ze bidden:

  • um Dag vun der Déngschtleeschtung, de Sozialversicherungsstatus vum Patient op Basis vun senger Matriculenummer, ze iwwerpréiwen;
  • um Dag vun der Déngschtleeschtung, d’Gültegkeet ze iwerpréwen vun der Accidentsnummer, déi opgebaut ass op Basis vun der Dossiersnummer vum deklaréierten Accident op der Aarbechtsplatz oder um Wee fir op d’Aarbecht, oder déi deklaréiert Beruffskrankheet;
  • d’Gültegkeet vum Code vum verschreiwenden Dokter um Dag wou d’Verschreiwung gemaach gëtt, ze kontrolléieren.

De Service ass zanter Mëtt Januar 2020 operationel an momentan an all d'Apdikten a Betrib.