IdeoMed

Service fir spezialiséiert medezinesch Etablissementer ouni technesch Plattform

Dës Applikatioun fir d’Gestioun vun elektronesche Patientendossieren, gëtt vun der Agence, klengen spezialiséierte Gesondheetsstrukturen, déi keng technesch Plattform hunn, ugebueden. 

Ideomed ëmfaasst folgend Modulen, déi de Suivi vun der Betreiung vum Patient méi einfach maachen:

  • de personnaliséierte Fleegeplang (PPS), deen dat automatescht Plangen vun de Fleegeversécherungsleeschtunge méiglech mécht;
  • den Agenda, deen d’Plangen vu Rendezvous’en a Workshops erméiglecht;
  • den Autonomie-Bilan, deen eng Evaluatioun vun der Autonomie (inklusiv Biller) liwwert, wat de Suivi vun der Betreiung vum Patient fir d’Fleegepersonal erliichtert.

Well Ideomed vum selwechte Fournisseur ass, deen och d’eSanté-Plattform bereed gestallt huet, implementéiert gëtt,  ass dëse Service konform mat de Connectiounskriterie vun der eSanté-Plattform an dem elektronesche Gesondheetsdossier (DSP). Domat gëtt den Austausch vu Gesondheetsdonnéeë mam DSP och vereinfacht.

EIS PARTNER, DÉI DËSE SERVICE BENOTZEN  

D‘Agence eSanté huet déi folgend Gesondheetsetablissementer bei der Aféierung vun Ideomed an hirem Betrib ënnerstëtzt :  

  • Centre de Réhabilitation du Château de Colpach an d’Fondatioun Tricentenaire, déi zu den Pilot-Etablissementer gehéieren déi 2017 als éischt de Service implementéiert hunn  
  • Hôpital Intercommunal de Steinfort, déi zënter 2018 domat schaffen.
  • Haus Omega, vun der Stëftung Omega 90, huet déi Mise-en-Service am zweeten Quartal vun 2020 geplangt.

Dës Applikatioun gouf am Kader vun enger Ausschreiwung vum Centre Hospitalier du Luxembourg an vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch gewielt. Déi zwee Spideeler wäerte se ënnert dem Numm DOP@MIN (Dossier Patient Mutualisé Informatisé) aféiere, fir esou all Informatiounen, déi mat der Betreiung vum Patient ze dinn hunn, am Spidol ze zentraliséieren.

IdeoMed

Ass Är Struktur un dësem Service interesséiert ?

Dann zéckt w.e.g. net eis ze kontaktéieren (info@agence-esante.lu). Eis Projetsequip kann Iech bei der Analyse vun de Bedierfnesser vun Ärem Etablissement an bei der Definitioun vun de Funktionnalitéiten déi Dir braucht, begleeden.

Esoubaal de Service op Basis vun Äre Bedierfnesser konfiguréiert gouf an prett ass fir operationell ze ginn, suergen eis Projetsmanager dofir datt Dir d’Applikatioun selwer kënnt géréieren an all seng Finessen beherrscht. Aus dësem Grond ginn fir Är Struktur Referenzpersoune forméiert esou datt Dir komplett autonom mat der Applikatioun kënnt schaffen.