Zesummentreffen mat den Gesondheetsfachkräften, déi un der Konferenz vum RAAC vun den HRS Spideeler deelgeholl hun

Agence

Ewéi d'lescht Joer war d’Agence eSanté bei der thematescher Konferenz, déi sech em „d’verbessert Genesung no Chirurgie“ gedréint huet, an gläichzäiteg vum « Pôle appareil locomoteur“, den Anästhesisten, den Urologen, Chirurgen vun der Orthopedie ewéi vum Verdauungsapparat vun den Spideeler Robert Schumann den 8. November 2019 organiséiert ginn ass.

Zesummentreffen mat den Gesondheetsfachkräften, déi un der Konferenz vum RAAC vun den HRS Spideeler deelgeholl hun

Zentréiert op déi thematesch Neiartegkeet an Unpassung vum Werdegang vum Patient am Spidol, hun verschidden Interventiounen d’mini-invasiv Chirurgie am orthopédeschen, colorectalen an urologeschen Bereich erklärt.

An dëser zweeter Editioun war och d’Agence eSanté mat engem Infostand op der Plaatz, wou d’Stellvertrieder vun der Agence sech konnten mat verschiddenen Gesondheetsfachkräften austauschen an sie iwert den aktuellen Stand vun den verschidenen eSanté-Servicer ze informéieren.

Wann och Dir virweltzeg sid an méi wellt iwert den aktuellen Stand vun der nationaler Plattform vun eSanté wëssen, dann kënnt Dir Iech hei d’Infoblaat unkucken.

Souguer den Norichtensender RTL huet en Reportage iwert dest Evenement bruecht, hei kënnt dir méi doriwer liesen.