Verstärkung vun der Zesummenaarbescht zwëschen dem CHEM, der Agence eSanté an BioneXt LAB
Verstärkung vun der Zesummenaarbescht zwëschen dem CHEM, der Agence eSanté an BioneXt LAB fir d’Betreiung vun den Patienten, déi an der Onkologie behandelt gin.
Den Centre Hospitalier Emile Mayrisch (CHEM) huet zënter dem 03ten Februar en neien Protokoll agesaat, wat d’Betreiung vun den Patienten, déi an der Onkologie an Behandlung sin, ze verbesseren.
Schon an der Admissioun vum CHEM, get den Patient vum Personal begleet fir en DSP (Dossier de soins partagé) opzemaachen, den den Austausch vun Daten am Zesummenhang mam neien Protokoll erliichtert an vun der Agence eSanté zur Verfügung gestallt get.
Den Service Pickendoheem dréit zur Verbesserung vun der Betreiung vum Patient bei an verhënnert dass dësen sech onnéideg muss déplacéieren, wann d’Resultater vun der Blutanalyse d’Weiderfueren vum Traitement net erlaaben. D’Blutanalyse get den Virdaag beim Patient doheem gemaacht. D’Resultater gin dem Patient via myLAB iwermëttelt, dem behandelnden Dokter iwert sein Programm an sénger Praxis an dem CHEM iwert den DSP vum Patient, dem séng Awëllegung am Virfeld gin gouf an den Notzungsbedingungen vum DSP entsprécht.
Am Bezuch vun den Resultater vun der Blutanalyse kann den Onkolog dem Patient sein Rendez-vous fir d’Behandlung an der Onkologie bestätegen, oder den Rendez-vous op en spéideren Datum verléen. Am leschten Fall kann d’medizinesch Equipe eng nei Blutanalyse plangen bevir se den Rendez-vous fir d‘Behandlung festléen.
Fir den Dr C. Birgen, medizineschen Direkter vum CHEM, „erlaaben d’Synergien, déi vun der Agence eSanté an dem Laboratoire BioneXt LAB bereetgestallt gin, d’Betreiung vum Patient an der Behandlung an der Onkologie sensibel ze verbesseren. Den Patient muss just nach dann an d’Onkologie goen, wann en sëcher as, séng Behandlung weider durchzeféieren. Den Austausch vun Resultater iwert den DSP, versëchert dem Patient,an engem héigen Sëcherheetsgrad, an Iweranstëmmung mat dem Schutz vun perséinlechen Daten, wéi et virgesin as, ze erfollegen.“
Dir hut nach keen DSP, géift waer gären direkt een opmaachen als fräiwëllegen Patient?
Dann zéckt net an kontaktéiert eisen Helpdesk per Email (helpdesk@esante.lu) oder per Telefon (2712 5018 33), fir dass der eng Ufro fir d’Opmaachen kënnt maachen. Och kënnt Dir direkt op dësen Link klicken, fir op den Formulaire ze gelaangen.
Klickt hei fir op d’Matdeelung vum CHEM ze gelaangen.