Versammlung mat den Editeuren fir d’Präsentatioun vun der Bestandsopnahm vun den Servicer vun eSante
Dësen Méindeg, dem 21ten Oktober 2019, huet d’Agence eSante eng Informatiounsversammlung organiséiert, déi Software-Editeuren cibléieren soll fir hinnen en aktuellen Abléck op d’Servicer vun eSante ze ginn, déi momentan operabel sinn an op d’Aarbechten déi déi zukünfteg Déngschter vun der Agence.
Un éischter Stell huet d’Agence eng Topo vun der Erweiderung vum DSP (Dossier de Soins Partagé), den generaliséiert gëtt esoubal d’Gesetz vum Grand-Duché, wou all Konditiounen an Bedingungen festleet, an Kraaft trëtt. Op anerer Säit gouf en Aperçu virgestallt, vun all den aneren operabelen Servicer, wéi der gesécherter Mailbox, dem Service vun der Pseudomisatioun am Gesondheetssecteur, den grenziwwerschreidenden Austausch vun Gesondheetsdaten ënnert dem europäeschen Programm CEF eHDSI, IdeoMed, Healthnet oder och den Living Lab (eHealth).
Duerno konnten d’Participante, déi ganz zuelräich komm sinn, méi iwwert den aktuellen Stand vun den aktuellen Aarbechten fir déi zukünfteg Servicer gewuer ginn: d’e-Prescriptioun (fir Medikamenter an Bluttanalysen an éischter Instanz), den Service e-Imagerie, den elektroneschen Impfpass, d’Mëttel fir pluridisziplinär Versammlungen, den am Beräich vun der Onkologie IdeoRCP oder och dem Bausatz vun der Gestioun vun der Awëllegung vum Patient
No der Presentatioun konnten eis Kollegen sech mat den Bedeelegten, déi zu gutt 60 Persounen komm sinn, iwwert déi verschidden ugeschwaten Sujeten austauschen, wat en Virdeel fir eng méi intensiv Zesummenaarbecht duerstellt.
► Kickt heihinner fir déi projezéiert Presentatioun vun dëser Informatiounsversammlung kënnen ze gesinn.