Übung « Grippenpandemie » während engem Daag an der Agence eSanté

Agence

Übung « Grippenpandemie » während engem Daag an der Agence eSanté

Übung « Grippenpandemie » während engem Daag an der Agence eSanté

Am weltweiten Kontext vun der Verbreedung vun Krankheeten, as eng Bestëmmung vun engem kontinuéierlechen Aktivitéitenplang (PCA) am Fall vun enger Pandemie fir Betriiber staark ugerooden.

Den kontinuéierlechen Aktivitéitenplang muss erstallt gin, fir all vun Pandemien duergestallten Risiken fir d’Gesondheet an d’Sëcherheet vun den Matarbeschter ze reduzéieren, andems d’Funktionnement vun der Aktivitéit gesëchert as, och an verschlechterter Weis.

D’Viirbeugen an d’Viirbereeden, fir dass d’Aktivitéit vun der Agence op héchstem Niveau oprecht erhaalen kann gin, huet d’Agence den Méinden den 27 ten Januar bei reellen Bedingungen getest (am Fall vun enger Grippenpandemie).

Desen gouf vun enger Kriisenzell gesteiert, die aus dem Generaldirekter, dem Haer Hervé Barge, dem Responabel fir d’Secherheet vum Informatikssystem dem Haer Jérôme Gauthier, dem Jurist an Verantwortlechen vum Datenschutz Haer Julien Sassella an dem Dokter Cristian Circiu bestoung.

Desen Test hat d’Objektiv eventuell Funktiounsstéierungen ze entdecken an ze versécheren, dass d’Kontinuitéit an d’Regéieren am Fall vun enger Pandemie garantéiert as, mat geplangten Organisatiounsmodellen, fir dass d’Aktivitéit oprecht erhaalen kann gin, souweit et méiglech as, ewéi zum Beispill d‘Schaffen vun doheem aus.

D’Personal war gebueden gin sech net op hir Aerbechtsplaatz ze déplacéieren, un Telefonskonferenzen deel ze huelen, fir all 3 Stonnen iwert d’Entwécklung an d’Situatioun informéiert ze gin, fir awer och iwert eventuell Problemer auszetauschen, Problemer mat der Konnektioun vum PC etc….

No dësem Testdaag war et der Agence méiglech en positiven Bilan e zéien, souwuel op technescher Basis – d’Mataarbechter haten keng Schwieregkeeten bei der Verbindung vun doheem aus, den Telefonskonferenzen, dem Verbannen vun der Arbechtsstatioun -  souwéi op mënschlecher Basis, wou d’Mataarbechter iwert dat vun der Direktioun duergestellten Szenario während der Telefonskonferenz matgedeelt gouf.