Sechs lëtzebuergesch Laboratoiregruppen hu sech fir de Service Regibox entscheet
Mat mëttlerweil méi wéi 10.000 registréierte Gesondheetsberuffler erlieft de gesécherte Messagerieservice Regify ouni Zweiwel e wuessenden Interessi am Gesondheetssecteur. An d'Zuel vun de Benotzer wäert nach klammen, wann ee weess, dass den ugebonnene Service Regibox elo vu 6 lëtzebuergesche Laboratoirë benotzt gëtt.
Regibox ass ee Cloud Service, deen vun der Agence eSanté zur Verfügung gestallt gëtt an deen et erlaabt, Gesondheetsdonnéeën op eng geséchert a vertraulech Manéier ze deelen, duerch d’Benotze vun enger traçabler e-box an duerch d'Uwenne vun der Verschlësselung respektiv der Entschlësselung vun de Regibox Fichieren.
Ee rezenten Artikel, deen am däitschen Online-Magasinn "Storage Insider" publizéiert gouf, zielt déi sechs lëtzebuergesch Laboratoiren op, déi dëse Service scho gewielt hunn, fir d’Analysresultater an aner Donnéeë mat den Dokteren ze deelen.
Klickt hei fir op dësen Artikel zouzegräifen, deen d’Grënn ervirhieft, déi BioneXt Lab, Laboratoires Réunis Luxembourg, Laboratoires Ketterthill, HRS Spidol Kierchbierg, de Laboratoire National de Santé (LNS) an de Centre Hopitalier de Luxembourg dozou beweegt hunn, Regibox fir den Austausch vu vertraulechen Donnéeën ze benotzen.
Dës wichteg Etapp ass och um nationale Referenz-Internetsite fir Cybersécherheet www.securitymadein.lu signaliséiert – consultéiert den Artikel andeem Dir hei klickt.
Wousst Dir schonn ?
De gesécherte Messagerieservice Regify gëtt de Gesondheetsberuffler gratis vun der Agence eSanté iwwert d’eSanté Plattform zur Verfügung gestallt.
Verfüügt Dir nach net iwwer Regify a sidd Dir interesséiert, en och ze benotzen? Dann zéckt net, eisen Helpdesk per Email (helpdesk@esante.lu) oder per Telefon (+352) 2712 5018 33) ze kontaktéieren, fir méi Informatiounen iwwer déi néideg Demarchen ze kréien.