Presenz vun der Agence op der ICT Spring 2023

Evenementer

En Donneschdeg 29. Juni a Freideg 30. Juni 2023 huet d'Agence eSanté un der ICT Spring Konferenz mat engem Informatiounsstand an enger Presentatioun iwwert de smartDSP deelgeholl.
 

Membres de l'Agence sur leur stand qui échangent avec une personne

ICT Spring ass en alljärlecht Event dat d’Acteuren aus der Innovatioun an Technologieberäich zesumme bréngt fir déi lescht Trends a Fortschrëtter am Secteur ze presentéieren. Och dëst Joer war d'Agence eSanté vertruedeni mat engem Stand an enger Presentatioun iwwer de "Smart DSP" .

Den Informatiounsstand huet wärend dem ganzen Event eng grouss Unzuel vu Besicher ugezunn.  D‘Vertrieder vun der Agence haten Geleeënheet sech mat villen Industriefachleit, Experten an Technologiebegeeschterten iwwer innovativ Initiativen a Projeten am Beräich vun der digitaler Gesondheet auszetauschen.

Ee vun den Highlighte vum ICT Spring2023 war de Virtrag vum Frédéric Markus,  stellvertriedenden COO vun der Agence. Seng Presentatioun déi sech op de "Smart DSP" konzentréiert huet - en elektronesche Gesondheetsdossier, deen d‘ Gesondheetsspezialisten an hirer deeglecher Routine, an an der Diagnostik an Iwwerwaachung vu komplexe Krankheeten, déi op de verfügbare Gesondheetsdonnéën baséieren, ënnerstëtze kann - huet groussen Interessi fonnt.

D'Presenz vun der Agence um ICT Spring 2023 weist hire fortwärenden Asaz fir d‘Innovatioun am Beräich vun der digitaler Gesondheet ze fërderen. Andeems si un dësem féierenden Event fir d'Technologieindustrie deelgeholl huet, konnt si hiert Netzwierk ausbauen an hir rezent Leeschtungen presentéieren. Hier Presenz op dëser Ausstellung dréit dozou bäi, sech als Schlësselspiller an der digitaler Transformatioun vum Gesondheetssecteur zu Lëtzebuerg ze positionéieren.