Presentatioun vum DSP am Club Senior "Eist Heem"
Agence
E Freideg, de 4. Mäerz 202, hunn zwee Membere vun eiser Helpdesk Equipe den DSP (Dossier de Soins Partagé – Elektronesche Gesondheetsdossier) am Club Senior "Eist Heem" zu Bierchem virgestallt
Déi Interesséiert, déi sech fir d'Presentatioun ugemellt hunn, haten d'Méiglechkeet sech iwwer dësen digitale Gesondheetsservice ze informéieren, deen de sécheren Austausch vu Gesondheetsdonnéeën an d'Koordinatioun vun der Patientefleeg erliichtert. D'Presentatioun ass mat enger Fro an Äntwert Sessioun ofgeschloss ginn, bei där verschidde Punkten am Zesummenhang mat der Benotzung vum DSP gekläert goufen.
Sidd Dir eng Associatioun oder Entitéit déi mat der Gesondheetsversuergung ze dinn huet, a wëllt eng Presentatioun iwwer den DSP?
Kontaktéiert eisen Helpdesk iwwer Telefon um (+352) 27 12 50 18 33 oder per E-Mail op helpdesk@esante.lu.