Participatioun vun der Agence eSanté un engem Seminaire iwwer grenziwwerschreidenden Datenaustausch
International
Dëse Seminaire, deen en Donneschdeg 7. Abrëll 2022 stattfonnt huet - an am Kader vun der franséischer EU-Presidence organiséiert gouf - huet den EU-Projet MyHealth@EU virgestallt, deen de grenziwwerschreidenden Datenaustausch am Gesondheetssecteur uviséiert
Am Kader vun dësem Event hunn zwee Membere vun eiser Equippe, den Olivier Lepanto (wëssenschaftlechen a medezinesche Koordinator) an den Heiko Zimmermann (Interoperabilitéit a Konformitéit), un enger Reunioun, mam Titel "MaSanté@UE Use Cases: State of the Art of the European Member States" deelgeholl, fir eng Demonstratioun vum Erstelle vun engem strukturéierte Patienteresumé mam RESPAT-Tool, a wéi en am elektronesche Gesondheetsdossier (DSP - Dossier de Soins Partagé) gespäichert gëtt, ze maachen.
Hei fannt Dir méi Detailer iwwert dëse Seminaire
Klickt hei fir weider Informatiounen zum europäesche Projet MaSanté@UE.