Mir hunn de Kap vun den 200.000 an den DSP deposéierten Dokumenter iwwerschratt!

Agence

De Mount Mäerz bréngt eis net nëmmen d’Fréijoer, mä och eng aner gutt Noriicht: déi, dass d’Unzuel vun den an den oppenen DSP deposéierten Dokumenter de Seuil vun 200.000 iwwerschratt huet!

Mir hunn de Kap vun den 200.000 an den DSP deposéierten Dokumenter iwwerschratt!

Dëst huet ausserdeem e positiven Impakt op den ökologesche Foussofdrock: dëst rett 34 Beem! Entdeckt am bäigefügten Dokument d'Evolutioun vun dësem positiven Impakt am Laf vun der Zäit.

Hutt Dir och Loscht, duerch d’Reduzéiere vum Pabeieraustausch tëschent Gesondheetsdéngschtleeschter zu dësem ökologesche Geste bäizedroen? Da frot d’Erëffnung vun Ärem elektronesche Gesondheetsdossier - Dossier de Soins Partagé (DSP) un, deen den Austausch vun Ären essentielle Gesondheetsdonnéeën tëschent Gesondheetsdéngschtleeschter op elektroneschem Wee erlaabt.

Kontaktéiert ouni ze zécken eisen Helpdesk per Email (helpdesk@esante.lu) oder per Telefon um Nummer (+352) 2712 5018 33, fir Är DSP-Erëffnungsufro anzereechen.