Méi Secherheet an besseren Zougang vun den Patienten op Medikamenter

Agence

Op Propositioun vum Vice Premier Minister, Gesondheetsminister, Etienne Schneider huet de Regierungsrot den Freiden, den 4. Oktober 2019, den Projet vun den Ännerungen vum Gesetz zur Ännerung vun enger Rei vun Gesetzer iwwer Medikamentekonsum optéiert, ëm den Medikament Circuit weider ofzesécheren an den Zougang vun den Patienten op nach net autoriséiert medezinescher Behandlung méi transparent anzeriichten.

 

Méi Secherheet an besseren Zougang vun den Patienten op Medikamenter

 

All Phas vum Medikamenter-Circuit ass wichteg – vun der Diagnos iwwer d’Verschreiwung bis zur Dispensatioun an d‘ Prise. Jiddwer vun dësen Etappen kann eng Quell vun potenziellen Feeler ervirbréngen, déi d’Gesondheet vum Patienten an Gefor setzen kënnen. Deemno prekoniséiert de Gesondheetsminister de Circuit ofzesécheren, ëm d’Prise en Charge vun den Medikamenter ze verbesseren an zur Qualitéit vun der Versuergung bäizedroen.

An dësem Kontext kënnen mer erënneren dass d’Agence eSanté sech och dofir asetzt, besonnesch duerch d’Ariichtung vun der elektronescher Verschreiwung (an d’Verdeelung) zu enger besser Sécherheet bäizedroen. Dësen national Projet „ePrescription“ huet als Ziel d’Verschreiwung op all Aart vun Verschreiwungen ze dematerialiséierten (Medikamenter, biologesch Analysen, Rëntgen, Krankeschäiner) souwéi de Suivi vun der Verschreiwung vum Ensembel vun den Versuergungsprestatairen déi direkt an der Prise en Charge vum Patient intervenéieren.

Dësen ePrescriptioun Service ass am nationalen Kontext geplangt, soll allerdéngs opgrond vun der Participatioun vun der Agence eSanté am europäeschen eHDSI Programm (Connecing Europe Facility – ehHealth Digital Services Infrastructure) och op dem europäeschen Niveau ausgebreet ginn.

Klickt weg hei ëm den Communiqué vum Gesondheetsministère ze consultéieren