Lunchtalk fir Pediatren iwwer de CVE
En Dënschdeg, den 18. Januar, waren déi méi wéi 120 Kannerdokteren, déi zu Lëtzebuerg praktizéieren op e Lunchtalk invitéiert am Kader vun der allgemenger Aféierung vum elektroneschen Impfpass (Carnet de Vaccination Électronique, CVE)
Bei dësem Event, organiséiert vun der Agence eSanté an Zesummenaarbecht mat der Direction de la santé, huet d‘Dr. Françoise Berthet (Directrice adjointe vun der Direction de la santé) dësen neien digitale Gesondheetsservice a senge ville Virdeeler, fir d‘Gesondheetsspezialisten wéi och fir d‘Patienten, presentéiert.
D'CVE Team vun der Agence huet dunn eng Live Demonstratioun gemaach, an den Dr. Serge Allard (President vun der Société Luxembourgeoise de Pédiatrie) huet iwwer seng Erfarung als Participant vun der Pilotphase bericht. Duerno war eng Fro an Äntwert Sessioun.
Fir de Lunchtalk ofzeschléissen, huet d'Team eng Virschau vun der Animatioun iwwer den CVE presentéiert, déi deemnächst der Ëffentlechkeet presentéiert gëtt, an déi Dir hei ënnen kucke kënnt.
Weider Informatiounen iwwert de CVE fannt Dir hei.