„Mon Cabinet“ (Meng Praxis)

D’Agence eSanté huet de Service „Mon Cabinet“ (Meng Praxis) op Ufro vun der Gesondheetskees (CNS), an am Kader vun hirem digitale Service fir d’Iwwermëttlung vu bestëmmte standardiséierte Formulairen entwéckelt.

Dës Applikatioun erméiglecht et de reglementéierte Gesondheetsberuffler, d’Sekretärin déi si beschäftegen oder déi fir si oder ënner hirer Verantwortung schaffen, unzemellen, fir datt dës am Numm vum Dokter bestëmmten administrativ Demarchen ausféiere kënnen.

Méi konkret erlaabt se der Sekretärin, am Numm vum Gesondheetsberuffler, standardiséierte Formulaire (z. B. Dokteschrechnungen, Krankeschäiner) ze validéieren, digital ze generéieren an un d’CNS ze iwwermëttelen.

Fir dëse Service kënnen ze benotzen, muss den Dokter säin eSanté-Kont aktivéiert hunn. Dësen Tool steet him am Kiosk vun den eSanté-Servicer zur Verfügung.



Wéi ginn ech vir, fir meng Sekretärin z‘enregistréieren ?

 

Loggt Iech mam eSanté-Kont um eSanté-Portail an. Am Kiosk vun den eSanté-Servicer gesitt Dir d’Ikon „Mon Cabinet“.

Gitt am Applikatiounsformulaire den Numm, d’Matricule, den Datum wou se ugefaang hunn, an d’E-Mail-Adress vun Ärer Sekretärin un.

No dëser Erfaassung kritt Är Sekretärin eng E-Mail mat engem Link op eng HTML-Säit, déi déi verschidde Schrëtt am Detail erkläert.

Wichteg: Är Sekretärin muss iwwer e LuxTrust-Produit verfügen, fir hir Identitéit am Prozess ze confirméieren.

Wann de Prozess validéiert ass, kritt Är Sekretärin Zougang zur Ënnerschrëft Funktioun, fir Är Dokteschrechnung am Numm vum Dokter ze validéieren an ze confirméieren.