Informatiounscampagne iwwer d'eSanté Servicer

Agence

Dës Woch start eng Informatiounscampagne fir d'Oeffentlechkeet iwwer d’eSanté Servicer, déi digital Gesondheetsservicer
 

image campagne communication

Mam Zil fir de scho bestoenden Gesondheetsservicer (DSP, CVE, MaSanté@UE) méi Visibilitéit ze ginn, goufen e puer Kommunikatiounsaktioune lancéiert:

  • Plakater op den Tramsarrêten  
  • d’Diffusioun vun enger Animatioun op den digitale Ecranen vun den Trammen
  • d'Publikatioun vun enger Annonce an engem Artikel am “L'essentiel“ vum 11. Abrëll 2023 

D'Plakat, déi an den Arrêten vum Tram siichtbar ass, ass och am "Megaverse Luxembourg", enger virtueller Welt, wou Dir Iech ëmkucke an interagéiere kënnt, an Zougang zu verschiddenen Aktivitéiten an Eventer hutt. Klickt hei fir op d‘Sait ze kommen. 

Méi Informatiounen iwwer d'eSanté Servicer?
► Klickt hei.